tempsdetravail

Aarbechtszäitregelung an hir Tücken


De Compte d’épargne temps , kuerz CET,  ass politesch als Wonnermëttel verkaaft ginn, bereet eis an der Praxis awer zimmlech vill Kappzerbrieches. Prinzipiell ass et luewenswäert, dass geleeschten Aarbechtszäit ugespuert gi kann, fir soumat zB éischter a Pensioun kënnen ze goen, respektiv sech eng länger Auszäit ze huelen.

Déi grouss Problematik dohannert dréint awer dorëms, wéi eng kloer Aarbechtszäitreegelung mat eventueller Schichtaarbecht a Permanencen soll ausgesinn, fir déi néideg Stonnen ze schaffen, andeems souwuel déi europäeschen wéi och déi national Gesetzgebunge respektéiert ginn a gläichzäiteg d’Sécherheet an d’Gesondheet garantéiert sinn. Doriwwer eraus soll de Betrib anstänneg funktionéieren an d’gesamt Personal zu deene selwechten, kloer definéierte Konditioune schaffen.

Nodeems beim Staat, am Gesetz vum CET, déi obligatoresch Rouzäit vun 11 Stonnen tëschent den Aarbechtsplagen, grad wéi eng maximal 10 Stonnenleeschtung pro Dag, souwéi maximal 48 Stonnen d’Woch agefouert gi sinn, ass et bei ville staatlechen Institutiounen zu Problemer komm. Aktuell ass hei en Avant projet de loi um Instanzewee, deen d’Konditioune vun de Sonderreegelunge vun den Aarbechtszäite festleeë soll.

Bei eis am Gemengesecteur hu mir zwar och den CET, déi 11 Stonne-Reegelung steet eis awer nach an d’Haus. Anescht wéi beim Staat hu mir et mat iwwer 102 Patronen, an hirer jeeweileger Autonomie communale, sécherlech net esou einfach e gemeinsamen Nenner ze fannen.

Mir als FGFC sinn dowéinst aktuell am Austausch mat eise Leit um Terrain souwéi a Kontakt mat eise Personaldelegatiounen, fir eng Bestandsopnam ze maachen, wéi mir mat konstruktive Propositiounen un eis Patronen an den Inneministère eruntriede kënnen.