De Premierminister Xavier Bettel iwwert d’Mentalitéit zu Lëtzebuerg
D’Thema Mentalitéit a Mentalitéitswiessel duerchzitt dëse Magazine ewéi e roude Fuedem. Och mat eisem Premier hu mir des Thematik am Kontext vum Grand Duché beschwat. Eiser Meenung no huet d’Resultat vum Referendum gewisen, dass e Mentalitéitswiessel net kann ordonnéiert ginn. Déi aktuell Regierung huet op verschidden Aart a Weis versicht, e frësche Wand an d’Politik ze bréngen a fir méi Transparenz ze suergen.
Här Bettel, wou gesitt Dir den Defi vun der Regierung, wann et em e Mentalitéitswiessel geet?
Wann et ëm Changementer geet, gëtt et Revolutioun an Evolutioun. Et ginn an all Gesellschaft ëmmer Mënschen, fir déi Changementer gläichgesat si mat Revolutioun. Dat nei Ofdreiwungsgesetz oder d’Fro vun der Trennung vu Kierch a Staat z.B. stelle fir mech eng Evolutioun duer. D’Oppositioun huet sech aktuell negativ iwwert d’Familljepolitik geäussert, déi der Fra de Choix gëtt, ob se doheem bei de Kanner bleift oder schaffe geet. Mee dat ass fir mech eng Evolutioun, déi onbedéngt néideg war. Wann ech vu verschidde Parteien héieren, dat misst réckgängeg gemaach ginn, mécht mer dat Suergen. Och de Congé parental fir de Papp ass fir mech e Mentalitéitswiessel, deen néideg ass. Mir mussen alles maachen, fir de Leit Méiglechkeeten ze ginn, hiert Liewen esou ze gestalten, wéi si et fir richteg halen. Sech a Fro ze stelle gehéiert och zur Politik. Mir sinn net do, fir de Leit ze diktéieren, wat se ze maachen hunn, mee fir ze erkennen, wat d’Gesellschaft brauch. De Mënsch steet am Mëttelpunkt a soll säi Choix kënnen treffen. D’Politik soll am Kontext vun der Mentalitéit fir eng Oppenheet suergen andeems se verschidde Facetten opweist. E Mentalitéitswiessel kann deemno nëmme proposéiert ginn an d’Leit musse prett sinn, fir hire Choix op Grond vun hirer eegener Meenung ze maachen. Dës Regierung wollt kee Mentalitéitswiessel imposéieren, mee huet nei Weeër opgewisen, déi et eis méiglech maachen, eis ze moderniséieren.
Wéi erkläert Dir Iech d’Resultater vum Referendum 2015?
Beim Referendum hu mer gesinn, dass vill Leit mat den Iddien averstane waren, mee net prett waren, se an d'Realitéit ëmzesetzen. Si hunn sech d’Fro gestallt, wéi d’Auswierkungen op eis Gesellschaft wieren, an do ass et wichteg, de Leit ze soen, dass duerch eng Evolutioun näischt verluer geet. Politik ass net do, fir engem Rechter ewech ze huelen, mee fir engem der ze ginn. Fir mech war de Referendum eng Opportunitéit. Mir sinn am allgemenge bereet fir Evolutiounen, waren awer net prett fir dës speziell Froen. Changementer, déi e grondsätzlecht Ëmdenke viraussetzen, muss ee step by step ugoen. Virundeems, dass mer am Gesetz d’Méiglechkeet vum gläichgeschlechtleche Bestietnes verankert hunn, hu mer fir d’éischt de Pacs virun 10 Joer agefouert. D’Leit hu gesinn, dass doduerch d’Welt net op d’Kopp gaangen ass. Wiere mer direkt d’Bestietnes ugaangen, wier et vläicht net ugeholl ginn. Evolutioune musse stéckweis gemaach ginn, fir akzeptéiert ze ginn.
Wéi eng Bedeitung huet fir Iech d’Lëtzebuerger Sprooch ?
Zu der Lëtzebuerger Identitéit gehéiert och d’Lëtzebuerger Sprooch an zu der Lëtzebuerger Sprooch gehéiert d’Lëtzebuerger Identitéit. Fir mech ass d'Lëtzebuergescht och eng wichteg Integratiounssprooch. Wa mir auslännesch Gäscht hunn, da schwätze mer zwou Minutte laang englesch, franséisch oder däitsch, an da switche mer nees an eis Mammesprooch. Mäi Mann ass frou, dass en sech a Lëtzbuergesch-Coursen ageschriwwen huet, well bei engem Iessen ënnert Lëtzebuerger och lëtzebuergesch geschwat gëtt. Hie kritt elo alles mat, an dat huet him gefeelt.
Wéi géingt Dir d’Lëtzebuerger Mentalitéit beschreiwen ?
Mir hunn eng oppe Mentalitéit. Mir liewen Europa all Dag, schwätze vill Sproochen a mir sollen eis och bewosst sinn, vu wou mer kommen. Virun 150 Joer hu mer d’Festung opgemaach an d’Maueren ofgeschaaft. Dëst huet eis zu deem gemaach, wat mer haut sinn. Mir woussten, dass eis klengt Land Grousses kéint leeschten an hunn et fäerdegbruecht, net nëmmen an der Finanzwelt, mee och bei de Satellitten an der Telekommunikatioun oder an der Stolindustrie zu deene Groussen ze gehéieren. Gelongen ass eis dat, well mer et fäerdegbréngen, eis a Fro ze stellen, fir ëmmer erëm fir dat nächst big thing vu muer fit ze sinn. Mir kréie Changementer hin, well mer net deen Haass ënnert de Leit hunn, wéi dat z.B. a Frankräich de Fall ass. An den Nopeschlänner ginn d’Leit op d’Strooss a werfen een deem aneren eppes vir. Mir bréngen et zu Lëtzebuerg fäerdeg, zesummen, an enger kordialer Atmosphär Léisungen ze sichen, ouni den Haass vun extreme Positiounen ze hunn. Dat ass eng vun eise gréisste Stäerkten.
D’Digitalisatioun vun der Aarbechtswelt bréngt grouss Changementer fir d’Gesellschaft. Wéi gitt Dir mat dem Thema ëm ?
D’Digitalisatioun ass en Zuch, a wa mir net eraklammen, bleiwe mir eleng um Quai stoen. Wie vun Iech mécht seng Virementen nach all an der Bank? Wie vun Iech bucht seng Fligerticketen nach enger Reesagence? Mir mierke selwer, dass mir en Deel vun der Digitalisatioun sinn an och dovunner profitéieren. Och hei ass de Choix, deen d’Leit hunn, méi grouss ginn. Lëtzebuerg ass a verschidde Beräicher nach hannendran, wéi dem Commerce en ligne, wat schued ass. Een, dee vun doheem aus eppes bestellt, hätt méi Vertrauen an e lëtzebuergesche Produit, wéi an eppes, dat aus Hongkong kënnt. D’Digitalisatioun wäert Aarbechtsplazen ofschafen, awer och neier kreéieren. Wa mir net prett sinn, fir déi nei Aarbechtsplaze selwer ze besetzen, dann hu mer en duebele Problem. Da feelt eis déi Opportunitéit vun den neien Aarbechtsplazen a mer mussen se och nach mat Leit besetzen, déi net hei sinn. Dat, wat haut aktuell ass, ass muer schonn al, an dat gëtt en onheemlechen Defi fir eis.
D’Initiativ „Pulse of Europe” weist, dass ëmmer méi Leit sech och fir positiv Messagen zesummendinn. Mierkt Dir och zu Lëtzebuerg e Wandel bei de Leit, déi sech un Iech adresséieren?
Normalerweis gi Leit, déi mat eppes zefridde sinn, net op d’Strooss. Et ass ee guer net gewinnt, dass sech Leit mobiliséieren, fir e positive Message no baussen ze droen. Et gëtt géint villes protestéiert, mee wéineg encouragéiert. Mee ech hunn d’Gefill, et kënnt ëmmer méi, dass d’Leit fir d’Distributioun vu positive Messagen aktiv ginn. Ech war laang gewinnt, dass mech d’Leit haaptsächlech mat negativer Kritik konfrontéiert hunn, mee et ginn awer och déi aner, déi mer soen, dass se zefridde si mat enger Decisioun, an et ginn däer ëmmer méi. Dem Gros vun de Leit zu Lëtzebuerg geet et net schlecht, dat ass eng Realitéit. De Chômage ass erofgaangen, d’Finanzsituatioun ass besser a mir sinn an de meeschte Rankingen top klasséiert. Dat ass fir mech e Beweis, dass déi Mesuren, déi geholl gi sinn, gegraff hunn. Dat freet mech, a mir sollen eis heiansdo och gemeinsam iwwer positiv Nouvelle freeë kënnen.
Wéi héich ass de Stressfaktor als Premier a wat maacht Dir dogéint?
Ech war ganz gäere Buergermeeschter an ech sinn och frou a menger momentaner Positioun. De Stressfaktor ass natierlech en aneren. Als Buergermeeschter huet ee kloer Grenzen, wou d’Responsabilitéiten ophalen. Als Premier kréien ech Froe gestalt iwwert d’Nutellas-Problematik an Ungarn bis hin zu Problemer a Südamerika. Et muss een all Sujet beherrschen an et ass een e bësse fir alles responsabel. Ech hu vill Freed u menger Aarbecht, an dat gesäit ee mer of, doduerch dass ech vill laachen a gutt drop sinn, mee dat wëll net heeschen, dass et heiansdo net och méi schwiereg Momenter ginn. Sport maachen oder mech vun Zäit zu Zäit mat Frënn treffen ass eppes, wat mer a solche Momenter hëlleft. Mee u sech sinn ech ganz zefridden.
Kommunalen ëffentlechen Transport
No der Aféierung vum gratis ëffentlechem Transport sollt et zu kengem Ännerunge fir Personal a Fonctionnement vum kommunalen Transport kommen. Realitéit weist eis leider ëmmer méi, dass dat eng Lige war!
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.