examens admissibilités

Admissibilitéitsexame bei de Gemengen


Den Admissibilitéitsexame bei de Fonctionnairen ass bis elo prinzipiell ëmmer zwee Mol am Joer (Fréijoer an Hierscht) an engem globalen Examen ofgehale ginn. Fir all Lafbunn war d’Matière definéiert a mir hunn, mat Hëllef vu fréiere Kandidaten, d’Examensfroen iwwer Joere gesammelt, fir deenen nächste Kandidaten dëst als Preparatioun zoukommen ze loossen.

Op Gronn dovun dass, ab der nächster Sessioun, d’Matièren vun de jeeweilegen Admissibilitéitsexamen iwwer Règlement grand-ducal geännert gi sinn, kënne mir leider net méi op déi al Examensfroe vun de vergaangene Joren zeréckgräifen.

Dobäi kennt, dass – assimiléiert un dem Staat seng nei Prozedure bei den Astellungsexamen – och de Gemengesecteur eng adaptéiert Examensprozedur kréie soll. Weider Infoen zum Staat sénger Astellungsprozedur fannt dir op: https://govjobs.public.lu/fr/examen-concours.html

Am Moment besteet deemno vill Duercherneen an Onsécherheet bei de Kandidaten. Mir hunn eis als Gewerkschaft dowéinst aktuell och schonns beim Inneministere beklot.

Mir bedaueren, dass mir all de Kandidaten net méi eis gewinnten Ënnerstëtzung ubidde kënnen – wënschen hinnen awer all Courage a Bonne chance fir hir Examen.