protection juridique

Rechtschutz: D.A.S. hällt op - ALLIANZ féiert bestehend Kontrakter weider!


Als FGFC hat mir viru Joeren eng nei Members-Prestatioun “Rechtschutz” matt der DAS Luxembourg ausgeschafft. Mir wore frou d’Kolleginnen an d’Kollegen an Zäiten wou scheinbar ëmmer méi juristesche Beistand néideg ass, eng konkret Hëllefstellung ze ginn.  Elo koum d’Nooricht, datt d’Allianz d’Kontrakter vun eisen FGFC Memberen iwwerhëllt, mee keng nei Kontrakter méi tätegt. D’Allianz wëll scheinbar de Beräich “Rechtschutz” net méi ofsëcheren.

Mir bieden eis concernéiert Memberen déi e Kontrakt bei der DAS hunn, d’ Allianz um Telefonsnummer 45 57 58 1 oder per Mail op protection.juridique@allianz.lu ze kontaktéieren. Eventuell froen wieren, wat de Wiessel fir sie konkret heescht bzw. wat fir eng Méiglechkeeten bestinn de Kontrakt, wa gewollt, ze kënnegen.

Sollt der heibäi Problemer hunn mellt iech wegl bei eis.

Mir als FGFC hunn d’Prestaioun DAS vun eisem Site geholl.

Entretemps siche mer no neien Prestatairen déi de Volet “Rechtschutz” kéinten matt eis zesummen ofdécken.

Bleift eis aktuell nëmmen, iech op d’Servicer vun dem Konsumenteschutz (ULC) ze verweisen, wou d’Personal op konkret Froen och kompetent Äntwerten gëtt.