De Pappe-Congé wor ënnert anerem grousst Sozial-Thema an de leschte Méint. Bekanntlech huet d’Regierung dësen fir de Privatsecteur, innerhalb vum Code du Travail, op 10 Deeg gehéicht. Elo kennt et mam a Kraaft trieden vum Règlement Grand-Ducal dee geschwë rechtskräfteg wäert ginn, bei eis Gemengen a Syndikater, op der Säit vun de Fonctionnairen en Employés Communaux, zu folgenden Upassungen:
Evenement | Schaffdag/ - deeg |
Bestiednes | 3 |
Déclaratioun vum Partenariat |
1 |
Gebuert vun engem Kand (fir de Papp) | 10 |
Accueil vun engem Kand vu manner wéi 16 Joer bei enger Adoptioun, ausser beim Bénéfice vum Congé d’accueil | 10 |
Bestiednes vun engem Kand | 1 |
Doud vum Conjoint, Partner, oder Familljemember (och alliéiert) am 1. Famillje-Grad | 3 |
Doud vun engem mannerjärege Kand | 5 |
Doud vun engem Familljemember oder Alliéierten am 2. Famillje-Grad |
1 |
Plënneren innerhalb vun enger Period vun dräi Joer, ausser d’plënnert een pour “raisons professionnelles” | 2 |
Fir d’Salariéen am Secteur déi ënnert dem Code de Travail schaffen, ass dëst schonns méi laang rechtskräfteg.
Richteg ass, datt dëst och kleng Verschlechterungen mat séch zitt. Trotzdem stiechen ënnert dem Strich déi generell Verbesserungen ervir.
Esou bal dësen spezifeschen Text rechtskräfteg ass, wäerte mir iech doriwwer informéieren. Och wäerte mir dann dës nei Dispositiounen an eise Site integréieren.
Nodréiglech Info!
De neien Congé extraordinaire ass réckwierkend op den 1. Januar 2018 geschellt. Dëst ass am Gesetzestext vergiess ginn, hei gëtt nogebessert!
Mir halen iech um Lafenden....
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.