Endlech erwächt och Lëtzebuerg a Punkto Flexibilitéit vun der Aarbechtszäit, aus dem gefillte Mëttelalter. Gëscht koum et innerhalb vun der Chamber zu engem unanime Vote betreffend d’Zäitspuerkonten an der Fonction Publique. Zënter laangem fuerdere net nëmme jonk Kolleginnen a Kollegen nei Aarbechtszäit-Modeller déi hire berufflechen, perséinlech an effektive Besoiën ugepasst sinn. “Métro-boulot-dodo”, een Dag wéi deen Aneren, reflektéiert scho laang net méi den Alldag vun de Kolleginnen a Kollegen um Terrain.
De politesche Parteien hei en décke Merci, datt si dat kollektiv och esou gesinn.
No dësem Vote huet den Dan Kersch, an senger Qualitéit als Inneminister, sech formell engagéiert, d’Zäitspuerkonten och obligatoresch bei de Gemengen a Gemengesyndikater anzeféieren, dëst zum selwechten Datum wéi bei de Kolleginnen a Kollegen beim Staat (viraussiichtlech 1. Oktober 2018). Dëst ass fir d’éischt, datt esou eng Mesure ouni Retard op de Staat ëmgesat gëtt. En décke Merci un den Dan Kersch an awer och un d’Vertrieder vum SYVICOL, déi heimader averstane sinn.
Bleift nach kuerz ze informéieren, datt am Fall vum Wiessel vum Staat bei d’Gemeng, bzw. vu Gemeng zu Gemeng, d’Zäitspuerkonten per Congé op Null musse gesat ginn. Ausbezuelen gëtt nëmme méiglech am Fall vun enger Démissioun. Fir eis nëmme logesch well et verschidden “entités juridiques” sinn.
Wat fir eis gëllt, gëllt och fir d‘Kolleginnen an d’Kollegen aus dem Privatsecteur. Hei hoffe mer, datt dat geplangte Gesetz esou schnell wéi méiglech gestëmmt gëtt.
Mir wäerte weider iwwer d‘Detailer vun dësem Meilesteen a Punkto Organisatioun vun der Aarbechtszäit informéieren.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.