FGFC Site

Neien FGFC-Internetsite


Méi verständlechen Inhalt an nach besser informéiert sinn


D'FGFC ass mat hirem neie Site geschter owend online gaangen.
Zwee nei Menupunkten an dräi nei News-Rubriken stiechen op eiser neier Internetpräsenz erviir.

FGFC-GUICHET

Nom Virbild vun der lëtzebuerger Internetplattform www.guichet.lu hu mir e grousse Pak aus der Legislatioun a Renumératioun aus eisem kommunale Secteur op eng verständlech Art a Weis erklärt.

Dir fannt dës Informatiounen iwwert déi zwee Menupunkten "Je suis..." oder "Je cherche des infos sur..."

Mir stinn allerdings eréicht am Ufank vun der Vulgariséierung vun allen Texter, déi den ëffentlechen Déngscht betreffen. No dem Fonctionnaire an dem Employé communal - déi mam Lancement vun eiser neier Internetpräsenz online gaang sinn - wäerte mir eis an Zukunft daer eenzel Conventiounen vum Salarié unhuelen, esou wéi och gezielten Informatiounen fir de Student souwéi de Pensionnéierten publizéiren. Zu engem spéideren Zäitpunkt ass dann och nach eng Iwwersetzung an déi däitsch Sprooch geplangt.

Wuelwëssend, dass dëse Site deemno nach lang net séng final Versioun erreecht huet, si mir frou iwwert all Feedback. Wëllt Dir eis Är Meenung matdeelen oder eis op e méigleche Fehler hiweisen, kënnt Dir eis gäeren op folgender Emailadress kontaktéieren: site@fgfc.lu

 

FGFC-NEWS

Fir e besseren Iwwerbléck ze behalen, sinn eis News elo an dräi Rubriken ënnerdeelt: Société, FGFC & Politique.

Mir wäerten Iech als FGFC an Zukunft nach méi gezielt informéieren - net nëmmen iwwert Sujeten, déi an eisem Secteur relevant ass.

 

Déi nei Rubrik "Dossiers" regroupéiert an Zukunft déi vereenzelt News zu engem méi komplexen Thema. Soumat kann een dann iwwert dee Wee all relevant Informatiounen zu enger spezielle Thematik regruppéiert noliesen.

All eis bestehend News-Abonennten sinn automatesch um neie Site iwwerholl ginn. Sollt een sech un eiser Newsletter interesséieren kann een sech hei umellen.

 

Mir invitéieren Iech elo schon an aller Rouh op eisem Site ze stöberen, a kommen demnächst am Detail op aner Menupunkten zréck.