FGFC Sozialwalen

Sozialwalen 2024: FGFC Lëscht N° 4


D’FGFC Gewerkschaft vum Gemengepersonal war haut am Ministère de Travail wou d’Lëschtennummeren fir Sozialwalen 2024 gezu gi sinn. D’FGFC, geet den 12. Mäerz 2024 mat der Lëschtennummer 4 an d’Walen - dat souwuel fir Chambre des salariés wéi och fir Personaldelegatiounen am Gemengesecteur.

Bass du interesséiert dech als Personaldelegéierten fir deng Leit anzesetzen ? Schreiw eis op salaries@fgfc.lu oder ruff eis un: 407720-1. Iwwert FGFC-Académie bidde mir eng professionell Formatioun an Hëllefstellung am Alldag fir all seng Personaldelegéiert.

Fir dFGFC läit den Haptakzent an dëse Walen op de Punkten:

  • Gläichstellung vun den Aarbechtskonditiounen an Sécherheetskonzepter
  • Eentheetleche Gehälterstrukturen fir all Salarié am ganze kommunale Secteur
  • Adaptéiert Formatiounen & Méiglechkeet op méi Aarbechtsbezunne Weiderbildung

Mir informéieren am Detail iwwert eisem nationalen- a regionale Walprogramm.

Matgedeelt vum FGFC-Bureau exécutif élargi
Méindeg 20. November 2023