Harmonisation artisans

Harmonisatioun: Valorisatioun vu der Carrière vum « Artisan »


Duerch d’Harmonisatioun vun de Gruppen C & D gëtt den Artisan automatesch aus dem fréieren D1 an den C1 reclasséiert a ka seng Meeschterkaart-Punkten (10 Punkten) behalen. Zur Erënnerung: all Artisan dee virun dëser Reform e Changement de carrière an den C1 gemaach huet, huet dës Punkte verluer!

D’FGFC huet hei gefuerdert, datt all Artisan mat Meeschterkaart dës och muss unerkannt kréien. Et daerf net sinn, dass duerch dës Reform vereenzelt Artisane léséiert ginn, respektif eng zwou-Klasse-Gesellschaft innerhalb vun engem Berufsstand geschaf gëtt.

D’Inneministesch huet hei op d’Assimiliatioun mam Staat gepocht a festgehalen, datt soulaang hei näischt beim Staat géif passéieren, dem Intérieur an dëser Affaire d’Hänn gebonne wier. Un der FGFC festzestellen, datt intern hei matt dem Artisan‘s-Grupp vun der CGFP weider wäert politeschen Drock obgebaut ginn.