Kolleeginnen an Kolleegen,
Den 4. Mee ware mir an der Commission centrale, wou et ënnert anerem em d’Harmonisatioun vun den C&D Carrièren gaangen ass. Fir den Agent Municipal ännert sech näischt par Rapport zum D1 ausser datt et eben an Zukunft C2bis heescht. Well nach vill praktesch Froen opstoungen déi den Kader vun der Commission centrale gesprengt hätten, hu mir eis eng technesch Entrevue ugefrot déi mir dann och de 17. Mee um Ministère de l’intérieur haten.
-------------------------------------
Den 10. Mee hate mir eng Entrevue mat de Vertrieder vum Ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable bezüglech den ATen bei der Fëscherei an dem Offallgesetz. Hei feelen nach zwou Upassungen an den Reglementer. Mir hunn hinnen ee Projet de Reglement zoukomme gelooss deen de Problem géif léisen. Ziel ass et des ATen iwwert eng APP auszestellen déi um AgentM opbaut. Dësen Dossier huet beim MEV net déi héchsten Prioritéit – mir bleiwen drun mam Ziel, datt och dësen Deel vun der Kompetenzerweiderung nach 2023 ëmgesat gëtt.
-------------------------------------
De 17. Mee war déi uewe genannten technesch Entrevue mat de Vertrieder vum Ministère de l’intérieur:
-------------------------------------
Entretemps sinn eis Politiker voll am Walkampf ukomm. Polemik ass dobäi leider oft un der Dagesuerdnung. Ee Beispill gesäit ee beim Thema ëffentlech Sécherheet – déi läscht 30 Joer war de Credo: méi Police a méi Kompetenzen fir den Agent Municipal.
Elo hunn mir déi Kompetenzen an amplaz massiv an hir Servicer ze investéieren, jäize verschidde Politiker déi beim Vott vun de Kompetenzerweiderungen 2022 an der Chamber geruff hunn datt et keng zweet Police dierf ginn op emol: Mir brauchen eng Gemengen Police. Honni soit qui mal y pense!
Als politesch neutral Gewerkschaft gi mir och des Kéier keng Walempfeelung eraus – dat heescht awer net, datt mir net genau oppassen, wat eis Politiker esou vu sech ginn – an uschléissend maachen.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.