Kolleeginnen an Kolleegen,
Den 19. Abrëll start d’Formatioun Self-defense. Stand Haut sinn nach 16 Plazen fräi. Wann dir wëllt deelhuelen maacht iech bäi - ab Abrëll kennen och aner Carrièren sech umellen.
Fir d’Sessioun am Oktober sinn nëmmen nach 2 Plazen fräi.
-------------------------------------
Wann dir un der Formatioun CO-0040-04 - La recherche et la constatation des infractions et les dispositions pénales y afférentes deelgeholl hutt, hutt dir nach bis den 30. Abrëll Zäit deen leschten Deel vum Cour am E-learning ze maachen. Uschléissend kennen déi Demarchen geholl ginn déi fir datt d’Agenten um Tribunal d’Arrondissement vereedegt kennen ginn.
Mir bieden iech och den Feedback Formular auszefëllen deen op der E-learning Plattform zur Verfügung steet.
-------------------------------------
D’Sitzung vun der Commission centrale déi fir den 30. Mäerz ugesat war, ass op den 4. Mee verluecht ginn. Ënnert anerem erwaarden mir d’Texter zur Harmonisatioun vun den C&D Carrièren an zur Ofschafung vun der Epreuve d’aptitude generale virgeluecht ze kréien. Natierlech loossen mir och nach all aneren bis dohin net geléisten Punkt op eisem Agenda op den Ordre du jour setzen.
-------------------------------------
Mir kruten matgedeelt, datt genuch Demanden beim SIGI erakomm sinn fir een APP Projet “SAC” ze proposéieren.
Esoubal se beim SIGI erëm en bëssen rou an der Bud hunn, kennen d’Demarchen geholl ginn fir dësen Projet op den Wee ze bréngen.
FGFC-ASAM
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.