help_personalbureau

Personalbüroen am Gemengesecteur


Jiddereen ass zefridden, wann e méi an der Pei an/oder eng nei Lafbunn kritt …

Mee, huet schonns een emol a sengem Personalbüro nogefrot, wéi déi dat Alles sollen ëmsetzen, wat elo op si zourullt?

Accord salarial, Harmonisatioun Lafbunn C&D, Kompetenzerweiderung vum Agent municipal, Reclasséierung vum Enseignement musical, Reclasséierung a verschiddene Kollektivverträg, Indextranchen, … an net ze vergiessen, den Alldagsbusiness …

Sief bemierkt, dass eis Leit an de Personalbüroen prinzipiell nie am Virfeld vun esou Mesuren – esou luewenswert se och sinn – gefrot ginn, wat dat fir si heescht, bzw. wéi se am Beschten ëmzesetzen wieren.

Dobäi kënnt nach, dass si och um Informatesche Plang am Stach geloss ginn. Dat wat e SIGI no bausse kommunizéiert a wat d’Realitéit um Terrain ass, passt ganz dachs net iwwerteneen.

Mir sollten all an Zukunft dofir suergen, dass eist Personal an den DRH’en an Zukunft adequat an d’Faisabilitéit vun dëse Mesuren agebonne gëtt, an dass d’Zäitschinn vun der Ëmsetzung och mat hinnen ofgeklärt soll ginn.

Am Kader vun der praktescher Ëmsetzung vun eisen internen FGFC-Reformen, wäerte mir mat enger konkreter Propose op eis Memberen aus den DRH’en zréckkommen, wéi eng participative Bedeelegung an Zukunft ausgesi kann. Generell ass eist Zil sech op d'Funktioun vum Personal an hir Affektatioun pro Service ze strukturéieren.