Nodeems d’Reform vum Enseignement musical schon d’läscht Joer gestëmmt ginn ass – a bei der Rentrée am September 2022 a Kraaft getrueden ass – gëtt nach ëmmer mat Ongedold op den Avis vum Staatsrot zum Accord salarial a Reclassement vun de Musikschargéeën gewaard.
Och wann dës – méi wéi richteg an noutwendeg – Opwertung réckwierkend op den 1. Januar 2023 a Kraaft trëtt, gëtt et keng Ursaach, dass dat héicht Gremium säin Avis dozou weider retardéiert, soudass dat Gesetz endlech an d’Chamber goe kann.
Eis Chargéeën hunn et, no joerelaangem Waarden, endlech verdéngt, dass si no hirem Diplom aclasséiert an bezuelt ginn.
D’FGFC betount, dass si nach wéi vor der Meenung ass, dass och am Enseignement musical all Neiastellungen noom Grondprinzip “Diplom = Lafbunn” virgeholl misste ginn.
Et schéngt, wéi wann den Edukatiounsminister zwar gäeren d’Wichtegkeet vun der kultureller Offert un d’Gesellschaft verkeeft - wann et awer ëm d’Valorisatioun an d’Rémunératioun vun dësen Enseignante geet - gëtt de politesche Ball gespillt, an op anscheinend politesch komplex Zoustännegkeete verwisen.
Traureg, dass d’Kultur zu Letzebuerg am Allgemengen nach ëmmer mat « Lowbudget » soll fonktionnéieren. Am Géigenzoch gëtt dann awer Topqualitéit, Flexibilitéit an onermiddlechen Asaz gefrot.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.