Den Donneschdeg 2. Februar waren mir am Kader vun der Commission Centrale zesummen mat den Vertrieder vum SYVICOL an dem MINT zesummekomm. Niewent Themen déi den ganzen Secteur betreffen goufen och konkret Punkten ronderëm eisen Beruff diskutéiert
Am Kader vum Gesetz iwwert déi administrativ Strofen an d’Kompetenzerweiderungen feelen nach 3 wichteg groussherzoglech Reglementer:
-------------------------------------
Den MINT bleift bei senger Anschätzung: Wann een Agent Municipal iwwert den Mécanisme temporaire de changement de groupe de traitement vum D2 an den C1 wiesselt verléiert en seng Attributioun als Agent Municipal. Déi concernéiert Gemeng(en) wier(en) informéiert.
Den MINT huet des Revendicatioun novollzéibar an raisonnabel genannt. Nach virun der Ouschtervakanz soll Konkret iwwert d’Harmonisatioun an der Commission Centrale geschwat ginn.
-------------------------------------
Am Kader vun der Formation Spéciale, déi bekanntlech net gutt aus den Startlächer koum an ouni den Engagement aus eisen Reien emol nach net un den Depart gaangen wier kommen mir lues awer sécher virun.
Den MINT huet kloer gestallt, datt si an engem Fall wou den Kandidat beim Examen en Feeltrëtt hätt eng Décisioun vun der Gemeng den Stage ze verlängeren géifen duerchwénken.
-------------------------------------
Zum Accord salarial ass ze soen, dass d’ Erhéijung vun 5% vun der Valeur op den éischten 100 Punkten, dat sinn 106 € Brutto Zäitgläich bei eis ewéi beim Staat kommen ouni dat muss een separaten Text dofir geschriwwen ginn.
-------------------------------------
Bleift gesond an passt gutt op Iech an är Léifsten op.
FGFC-ASAM
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.