Kolleeginnen an Kolleegen,
Wärend op villen Gemengen néi Policereglementer ausgeschafft bzw. déi bestoend adaptéiert ginn fir déi néi administrativ Strofen (SAC) ze integréieren an Proximitéitsservicer ze kreéieren hunn mir zesummen mat den Vertrieder vun Police, Parquet, Waasser Verwaltung an der Veterinärsinspektioun eng vun deenen wichtegen néien Formatiounen opgestallt:
La recherche et la constatation des infractions et les dispositions pénales y afférentes.
Bis zu 160 Leit kennen un der Formatioun déi 3 mol een hallwen Dag dauert deelhuelen (20ten 24ten an 27ten Februar):
https://fonction-publique.public.lu/fr/formation-developpement/catalogue-formations/secteur-communal/00formini/00-fs-co/co_00-2-040.html
-------------------------------------
Den INAP ass am Moment eng néi Oplag vum Self-Defense Cour mat méi klengen Gruppen awer manner Stonnen virzebereeden. Et gëtt probéiert een Dojo am Norden ze fannen an een am Zentrum – wann är Gemeng sollt Kapazitéiten hunn loosst eis (bzw. den INAP) et wëssen.
Mir schaffen zur Zäit och un enger néi Oplag vum CdR Cour.
-------------------------------------
Den 2. Februar sinn mir an der Commission centrale fir déi sëllegen Baustellen ewéi d’Harmonisatioun vun den C an D Carrièren an den néien Gehälter Accord virun ze dréiwen.
-------------------------------------
Mir hunn beim Conseil d’État nogefrot wou den PRGD zu eiser Carrière prozedural drun wier an kruten geäntwert den Staatsrot wier den 15 Juni 2022 mam Dossier 61.060 saiséiert ginn.
-------------------------------------
Dir erënnert iech sécherlech un Folgendes aus dem ASAM Info vun Dezember 2022:
Mir hunn eis virgeholl am Januar 2023 een Video ze maachen wou mir Froen beäntweren déi dir eventuell nach hutt an déi mir nach net op enger Anerer Plaz beäntwert hunn.
Dir kennt eis är Froen bis Enn des Joers op steve.hatto@fgfc.lu schécken.
Genau eng Fro koum eran. Mir hunn trotzdeem vir een Video maachen – hunn et awer wéinst der modester Nofro op eiser Prioritéitenlëscht no ënnen geréckelt.
-------------------------------------
Bleift gesond an passt gutt op Iech an är Léifsten op.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.