Am Kader vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport schielt sech ëmmer méi eraus, datt zukünfteg ëmmer manner op Personal ënner ëffentlechem Statut am Transport public soll zréck gegraff ginn. Eng Weiderféierung vun der Salamitaktik, matt déier mir schonns säit Joerzéngten konfrontéiert sinn, kënnegt sech elo beim TICE zu Esch un. D’FGFC wäert sech deem matt aller Kraaft entgéint stellen an trotzdem aktiv un enger moderner Transportpolitik matschaffen.
Kuerz viru Chrëschtdag huet de Bureau vum interkommunale Syndikat fir den Transport am Süden, TICE, zu enger leschter ëffentlecher Comitéssitzung agelueden. D’FGFC wor matt senge Personaldélégéierten sur Place, dëst well schonns am Viirfeld gewoosst wor, datt et ëm déi zukünfteg Ausrichtung vum TICE géing goen. Zentrale Punkt vum Ordre du Jour wor déi aktuell Konventioun tëscht Staat an TICE betreffend d’finanziell staatlech Participatioun, déi elo riskéiert vu staatlecher Säit gekënnegt ze ginn. Eigentlech eng Hiobsbotschaft fir den ëffentlechen Transport am Süden.
Eng éischt politesch Delegatioun wor dorops hinn och schonns am Transportministère. Hinne gouf confirméiert, datt am Kader vum nationale Mobilitéitsplang 2035, och misst zesummen iwert d’zukünfteg Aufgabegebitt vum TICE am Süden diskutéiert ginn. Dëst soll elo an den nächsten Méint bis d’Gemengwale geschéien. Grouss Changementer kënnegen sech also un, déi dann solle vum neigewielte Comité ausgehandelt ginn.
Och an der Stad Lëtzebuerg ramouert et beim AVL an doriwwer eraus. Hei gëtt och ëmmer méi versicht den ëffentleche Statut ze verwässeren. Lues a lues ginn ëmmer méi ëffentlech Posten ofgeschaaft, déi de Garant fir de Wuelstand vun esou villen sinn.
Matgedeelt vum Bureau exécutif vun der FGFC
22. Dezember 2022
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.