Kolleeginnen an Kolleegen,
D’Joer geet esou lues op een Enn an ab dem 1. Januar 2023 ass et esou wäit: d’Gesetz vum 27 Juli 2022 zu den SAC an den Kompetenzerweiderungen vun den Agents Municipaux trëtt an Kraaft an mëscht esou direkt... net vill.
Hoppla! Denkt dir elo sécher, esou war dat net ofgemaach.
Wat ännert also op den 1. Januar 2023?
A) All eis Leit sinn duerch den Artikel 269 vum Code Penal geschützt. (Rebellioun)
B) D’Gemengen kennen déi néi administrativ Strofen (SAC) an hiert Policereglement ophuelen. (dauert eventuell 2-3 Méint bis déi Prozedur ofgeschloss ass, eréischt duerno sinn déi Bestëmmungen a Kraaft an kennen vun eis kontrolléiert ginn)
Wat ännert 2023 awer net op den 1. Januar?
Ab Februar leeft déi éischt Sessioun Formatiounen un déi fir all Agent op ass. Den 13. Dezember haten mir dozou eng Entrevue um Ministère.
Op d’Formatioun zur Recherche an dem Konstatéieren vun Infraktiounen ass et realistesch 60 bis 80 Agenten an den Auditorium um CGDIS eran ze huelen. Et soll eng Duebelsessioun ginn also zwee mol déi selwecht Formatioun an kuerzer Zäit fir 120-160 Leit. Dozou kennt nach mindestens eng Sessioun am Hierscht mat den selwechten Kapazitéiten.
Den 14. Dezember war an der Stad eng Versammlung an där d’Agenten gesot krut hunn d’Reglement vun eiser Carrière géing nach vum MINT iwwerschafft ginn. Op eis Nofro hin huet den Ministère dat dementéiert (ofgesinn vun eventuellen Ännerungen déi den Staatsrot kéint froen).
Am Kontext vun der Harmonisatioun vun den C an D Carrièren verweisen mir op eisen Communiqué https://www.fgfc.lu/page/news/2/356/FRE/index.html .
Wei dir gesitt gëtt et nach eng Rei oppen Froen an et leeft och bei wäitem méi lues ewéi mir eis et erhofft haten – tatsächlech sinn mir an den leschten 30 Méint rasant virun komm Verglach mat deenen 30 Joer virdrun.
Mir hunn eis virgeholl am Januar 2023 een Video ze maachen wou mir Froen beäntweren déi dir eventuell nach hutt an déi mir nach net op enger Anerer Plaz beäntwert hunn.
Dir kennt eis är Froen bis Enn des Joers op steve.hatto@fgfc.lu schécken.
Mir wënschen Iech an ärer Famill schéin Feierdeeg an een gudden Rutsch.
Bleift gesond an passt gutt op Iech an är Léifsten op.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.