FGFC ASAM

ASAM INFO – Juli 2022


Kolleeginnen an Kolleegen,

Den Donneschdeg 5. Mee haten mir den Inneministère an der Commission Centrale zur Dispositions transitoires, Art.51 vum Règlement grand-ducal du 28 juillet 2017 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires communaux befrot. Rezent hat een Agent den Changement iwwert des Prozedur vum D2 an den C1 gemaach.

Mir hunn net schlecht gestaunt wéi mir kierzlech festgestallt hunn, datt den Inneministère doropshin der betraffener Gemeng informell an lapidar matgedeelt huet hiren Agent dierft un sech net méi opschreiwen goen, d’Gemeng kéint awer maachen wéi si et fir richteg fënnt.

Mir hunn den Inneministère an der Commission Centrale vum Donneschdeg 30. Juni domat konfrontéiert an gefuerdert hier Decisioun iwwert Circulaire allen Gemengen matzedeelen fir béis Iwwerraschungen ze verhënneren. No en bëssen hin an hier hunn si zougesot.

-------------------------------------

D’Rees vum Projet de Loi 7126 kennt op een Enn. Den Mëttwoch 6. Juli ass den Rapport an der Kommissioun. An der Woch duerno soll den Vott an der Chamber sinn.

-------------------------------------

Am Kontext vun der Harmonisatioun vun den C an D Carrièren kruten mir duerchgesat datt een Aarbechtsgrupp an d‘Liewen geruff gëtt fir deen Dossier propper unzepaken.

-------------------------------------

Bei den Formatiounen gëtt et een Duercherneen, ënnert anerem well verschidden Formatiounen nach net prett sinn. Doduerch kennt et zu Verzögerungen bei der Formation spéciale an den Examen. Iwwert Circulaire huet den Inneministère matgedeelt datt Stagen sollen em 12 Méint verlängert ginn wann néideg, an datt d’Nominatioun réckwierkend op den Datum gemaach gëtt wou den Stage initial eriwwer gewiescht wier.