FGFC ASAM

ASAM INFO – Réckbléck 2021


Kolleeginnen an Kolleegen,

Een weidert Joer ass laanscht, an domat ass et Zäit fir zeréckzekucken wat mir dëst Joer erreecht hunn:

D’Zuel vun den Agents Municipaux wiisst weider:

Mir sinn aktuell iwwert 220 Agentinnen an Agenten opgedeelt op 40 Gemengen.

An 32 Gemengen sinn eis Leit – ronn 90 Stéck – zousätzlech als Bannhidder vereedegt.

2022 wäert den Effectif staark eropgoen an weider Gemengen bäikommen wann den PL N°7126 gestemmt ass.

Formatiounen:

2022 ass et esou wäit: déi néi Basis Formatioun fir den Beruff vum Agent Municipal soll an der éischter Hallschent vum Joer un den Start goen.

Projet de loi N° 7126:

No villen Interventiounen vun eiser Säit gouf den Projet am November 2021 an der Chamberkommissioun ugeholl. Am Januar misst den Text beim Staatsrot ukommen deen dann bis Abrëll Zäit huet fir séin Avis ofzeginn. Wann deen favorabel ass kann den Text an der Chamber gestemmt ginn.

Opwäertung vum Beruff:

Et kennt am Kontext vum Projet zu enger Opwäertung vun eisem Beruff – och finanziell. Den Detail ginn mir am Januar gewuer – den Ministère de la Fonction publique muss nach séin Accord ginn.

Gespréicher mat der Politik:

Mir hunn der Chambre des fonctionnaires et employés publics an dem Syvicol beim ausschaffen vun hiren Avisen gehollef, deem entspriechend spigelen sech eis Revendicatiounen doran erëm.

Um nationalen Plang hunn mir eis mat allen an der Chamber vertruedenen Parteien ausgetosch, an hunn si vum PL 7126 an der néideger Opwäertung vun eisem Beruff iwwerzeegt. Eenzeg den ADR wollt net mat eis schwätzen. Et ass also net verwonnerlech, datt den Text am November eestëmmeg an der Kommissioun ugeholl ginn ass. https://chamber.lu/wps/portal/public/Accueil/Actualite/ALaUne/?current=true&urile=wcm%3Apath%3Aactualite.public.chd.lu/ST-www.chd.lu/sa-actualites/b4e8d8d5-4b8c-49b7-b1be-365d0dd0c2d9

Reforme FGFC:

D’Reforme vun der FGFC ass ugelaf. Duerch d’Integratioun vun der ASAM an d’FGFC hunn mir zwee nei Spriecher am Comité Directeur: den Marc Thilgen an den Sven Pescarolo.

Den Steve Hatto ass am Oktober als néien Member an den Büro Exekutiv vun der FGFC gewielt ginn an vertrëtt eis doriwwer eraus an Zukunft an der Commission Centrale. http://www.fgfc.lu/page/news/2/297/FRE/index.html

Kéng Polemik:

Dir hutt sécherlech bemierkt, datt mir eis als FGFC-ASAM bewosst aus Diskussiounen, déi dës Bezeechnung net verdéngt hunn erausgehalen hunn, well se vun sëllegen Acteuren op Spillschoulsniveau gefouert goufen. http://www.fgfc.lu/page/news/1/255/FRE/index.html

Mir wäerten och an Zukunft dëser Linn trei bleiwen an sachlech un eis Dossieren eru- an op eis Verhandlungspartner zougoen.

Mir wënschen Iech an ärer Famill een gudden Rutsch.
Bleift gesond an passt gutt op Iech an är Léifsten op.