ASAM_news

ASAM INFO – Mee 2022


Kolleeginnen an Kolleegen,

Den Donneschdeg 5. Mee waren mir als FGFC zesummen mam SYVICOL op den Innenministère gelueden, wou an der Commission Centrale formell den Text iwwert dem Agent Municipal seng Carrière presentéiert ginn ass.

Hei den Link: https://www.fgfc.lu/page/news/3/339/FRE/index.html

An der selwechter Reunioun hunn mir den Ministère gefrot Stellung ze bezéien zur Fro op den Agent Municipal am Kontext vun engem Changement vum Grupp de Traitement vum D2 an den C1 seng Attributiounen als Agent Municipal behält oder net.

Am Prinzip behält een se net, et wiesselt een den Beruff. Et gëtt allerdéngs verschidden Méiglechkeeten fir dësen Changement ze maachen. Eng dovun, ass eng Dispositions transitoires, Art.51 vum Règlement grand-ducal du 28 juillet 2017 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires communaux.

Dësen Artikel ass anescht formuléiert, huet aner Ufuerderungen (15 Joer no der Nomination définitive, 5 Joer op der Gemeng) an kann och nëmmen bis 2027 genotzt ginn. Eng Rei vun eis hunn an den leschten Joren den Ministère dorop ugeschwat an kruten d’Äntwert: “Wann dir wiesselt sidd dir keen Agent Municipal méi.” Rezent huet een Agent iwwert des Prozedure an den C1 gewiesselt an seng Attributiounen behalen – et geet also.

Mir mussen also dovun ausgoen, datt een iwwert des Prozedure an den C1 wiesselen kann ouni seng Attributiounen als Agent Municipal ze verléieren.

Den Ministère huet sech an der Reunioun dorop behaapt, datt et net géing goen, wëssend datt si d’Délibératioun approuvéiert hunn!

Hei den Link: https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2017/07/28/a678/jo

Den Dënschdeg 10. Mee huet den Staatsrot an sengem 3. komplementaren Avis zum PL 7126 keen Hoer méi an der Zopp fonnt. Domat ass den Wee fräi fir den Vote an der Chamber.

Hei den Link: https://conseil-etat.public.lu/fr/avis/2022/mai2022/10052022/52267.html

Oft gestallten Froen

Vum D2 an den D1 reklasséieren, wat heescht dat?

Dir zielt är Déngschtjoren ab der définitiver Nominatioun.

Dir kuckt an wéi engem Grad dir wiert wann dir déi Déngschtjoren net am D2 mee am D1 gemaach hätt.

Dir kuckt an deem neien Grad wéi een Echelon d’selwecht vill Punkten huet wéi dir am Moment hutt. Dohin gitt dir dann reklasséiert an är Carrière entwéckelt sech vun do aus normal weider. Wann et keen Echelon mat d’selwecht vill Punkten gëtt, gëtt opgeronnt.

Tableauen mat den Graden, Punkten an Echeloen, an wéi vill € dat jeeweils sinn, fannt dir op eisem Internet Site http://www.fgfc.lu/online/www/datapool/remuneration/FRE/index.html

Wat heescht dat konkret fir mech?

Hei en puer Beispiller – wëssend dat jidderengem seng Situatioun anescht ass, jee nodeem wéi laang een z.B. virdrun geschafft huet:

Agent Municipal am Stage:

Den Wiessel an den D1 gëtt eréischt mat der Nomination définitive gemaach. D’Primen kritt een awer direkt.

Haut:  D2 ; 142 p. + 7 (supplément de traitement) + 10 (risque)
= 159 points (181 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

Nom der Reforme: D2 ; 142 p. + 7 (supplément de traitement) + 15 (risque)+ 12 (astreinte)
= 178 points (188 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

Agent Municipal mat Nomination définitive 2022:

Haut: D2 Grade 2, échelon 5 ; 149 p. +1 (supplément de traitement) + 10 (risque)
= 160 points (182 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

No der Reforme: D1 Grade 3, échelon 3 ; 153 p. + 15 (risque)+ 12 (astreinte)
= 180 points (190 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

Agent Municipal mat Nomination définitive 2019 + examen de promotion + formation « PJ »:

Haut: D2 Grade 3, échelon 6 ; 167 p. + 10 (risque)
= 177 points (199 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

No der Reforme: D1 Grade 5, échelon 3 ; 172 p. + 15 (risque)+ 12 (astreinte) + 10 (« PJ »)
= 209 points (219 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

Agent Municipal mat Nomination définitive 2009 + examen de promotion + formation « PJ »:

Haut:  D2 Grade 6, échelon 11 ; 253 p. + 10 (risque)
= 263 points (285 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

No der Reforme: D1 Grade 7, échelon 10 ; 257 p. + 15 (risque)+ 12 (astreinte) + 10 (« PJ »)
= 294 points (304 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

Agent Municipal mat Nomination définitive 1999 + examen de promotion + formation « PJ »:

Haut: D2 Grade 7, échelon 12 ; 272 p. + 10 (risque)
= 282 points (304 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

No der Reforme: D1 Grade 7bis, échelon 11 ; 278 p. + 15 (risque)+ 12 (astreinte) + 10 (« PJ »)
= 315 points (325 wann den Agent och Garde Champêtre ass)

Gett et an Zukunft een Ënnerscheed zwëschen engem Agent Municpal / Garde Champêter an engem Agent Municipal ouni Garde Champêtre?

Et gëtt nach zwee Texter (iwwert Notzdéiereschutz an iwwert d’Police rural) an deenen den Garde Champêtre Befugnisser huet déi den Agent Municipal net iwwerdroen krut.

Och gëtt et am CPP d’Art. 14-1 an 14-2 déi den Agent Municipal net huet.

12 Punkten Prime d’Astreinte fixe krit den Garde Champêtre der net 22?

Dat ass richteg. Mir hunn dorop higewisen, an och an eisem Avis gefuerdert: all Agent soll déi 22 Punkten kréien. Fir den Ament wiert den Ministère sech dogéint.

Behalen ech als Garde Champêtre déi 22 Punkten Prime d’Astreinte?

Jo – wann dir awer z.B. d’Gemeng wiesselt verléiert dir se.

Wat sinn d’Konditiounen vum Art. 15-1bis. vum CPP?

D’Konditiounen sinn: gepackten Promotiouns Examen + eng Formatioun um INAP. Dësweideren verlaangt d’Reglement iwwert d’Nationalitéiten datt een fir dësen Volet muss d’lëtzebuerger Nationalitéit hunn esou wéi et elo schonn beim Garde Champêtre ass.

Ech sinn Garde Champêtre – kréien ech d’Befugnisser an den Spézialgesetzer an d’Prime « PJ » vun 10 Punkten direkt?

Nee – et muss een trotzdeem den Promotiouns Examen + eng Formatioun um INAP hunn. Mir proposéieren dem Ministère als Iwwergankszäit just d’Formatioun ze verlaangen – den Garde Champêtre huet jo schonn Polizeibefugnisser.

Wéini kennt dat alles?

Den PL 7126 misst ënnert normalen Ëmstänn am Juni an der Chamber gestemmt ginn an wier dann fir Dezember 2022 an Kraaft.

D’Reglement zum D1 gëtt fir September erwaart an wier dann ab Oktober 2022 an Kraaft. Esouguer wann nach misst nogebessert ginn ass den Text spéitstens mam Gesetz en vigueur.

Wou kann ech dat noliesen?

Den Text zur Carrière ass nach net disponibel.

Den Text zum PL7126 fannt dir hei: https://chamber.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doDocpaDetails&backto=/wps/portal/public/Accueil/Actualite&id=7126

Wat geschitt wann spéiderhin d’Harmonisatioun vun den C an D Carrièren kennt?

Déi Fro hunn mir och gestallt an dem Ministère konkret Proposen gemaach wéi een dat kéint ëmsetzen. Leider refuséieren si am Moment doriwwer ze verhandelen well et nach keen Gesetzestext géif ginn mee just den Gehälter Accord.

Ech sinn nach net Member bei der FGFC-ASAM wou kann ech mech umellen?
http://www.fgfc.lu/online/www/nav-content/adhesion/FRE/index.html