Nominatioun

Réckwierkend Nominatioun duerch Retard vun der Formatioun


Mir haten an eiser News zu dësem Sujet, ënneranerem, Folgendes matgedeelt:

"Doduerch dass d’Nomination definitive eng Retroaktivitéit huet, leeft och den Datum fir de Promotiounesexamen vun dem Datum un. Den Effet retroactif gëllt deemno fir alles."

Den Intérieur interpretéiert säi Circulaire 4149, souwéi d’Aussoen aus der deemoleger Commission centrale, leider anescht.

Rezent huet den Inneministère eis matgedeelt, dass et keng Nécessitéit géif ginn, dat esou ze handhaben, wéi mir matgedeelt hunn. D’Argument säitens dem Intérieur baséiert dorop, dass jidderee 6 Joer Zäit hätt, bis de Promotiounsexamen néideg wier. Dëst ass wuel reng administrativ betruecht richteg - an der Praxis mécht et awer aus FGFC-Siicht kee Sënn. 

Zemools eis Agents municipaux kréien ab dem 1. Januar 2023 nei Attributiounen, déi si awer nëmmen ausübe kënnen, wa si den Promotiounsexamen (d’Promotioun selwer ass net erfuerdert) gepackt hunn.

Mir bedaueren, dass eis Leit doduerch a Verzuch kommen, an eis Gemengepatronen hir Agenten net direkt mat deenen neien Attributiounen asetze kënnen.

Wëssend, dass déi nächst Examenssessioun schonn Ufanks November 2022 ass, gesi mir leider keng Méiglechkeet, am Intérieur déi néideg Interventioun ëmzesetzen.

« Mateneen fir modern Gemengen » heescht am Moment leider: D’FGFC mécht pragmatesch a praxisorientéiert Proposen, fir eis Gemengen an hirt Personal zesummen no vir ze bréngen, mee eis Innenministesch verstoppt sech allzedacks hannert Paragrafen a bremst domat de Secteur aus.