traitement

Disposition transitoire vum Régime de traitement


Bei de Gehälterreformen 2017 sinn eng Reih Iwwergangsbestëmmunge geholl ginn. Eng vun deene betrëfft d‘Reegelung, dass ee wärend 5 Joer maximal zweemol no deenen ale Bestëmmungen avancéiere kann, wann déi méi favorabel waren wéi déi Nei, déi mat der Reform 2017 agefouert gi sinn.

Säit 2017 muss jiddereen 20 Joer säit der definitiver Nominatioun waarden, fir an den Endgrad ze kommen. Zemools an der Lafbunn A1 verléieren eis Leit esou bis zu 160.000 Euro op hirer ganzer Lafbunn. Bedéngt, dass generell all Lafbunnen betraff sinn an déi Iwwergangsbestëmmung elo no 5 Joer, den 1. September 2022 ausleeft, hu mir als FGFC eng Verlängerung vu 5 Joer gefrot.

Mat dëser Verlängerung kéinten opmannst nach e Pak Leit vun den Iwwergangsbestëmmunge profitéieren. Well et sech an dëser Affaire ëm eng assimiléiert Matière zum Staat handelt, huet d‘Madamm Ministesch Bofferding eis zougesot, mam Minister vun der Fonction publique Récksprooch ze huelen.