FGFC_enseignement_musical

Enseignement musical : Avant-projet de loi


Den 20. Juli 2021 gouf jo bekanntlech en Accord tëschent der Regierung an de Gewerkschafte fonnt, zur Revalorisatioun vun de Carrièren vun de Chargés de Cours am Muséksunterricht.

Nodeems, duerch eng formell Oppositioun vum Staatsrot, d’Bestëmmungen iwwert de Recrutement an d’Rémunératioun vun de Chargéen aus dem Gesetzestext vun der Reform vum Muséksunterricht  gestrach gi sinn, hu mir eng éischt Versioun vum neien Avant projet de loi zu dëse Bestëmmungen an der Commission centrale presentéiert kritt.

Nieft e puer textlechen Adapatiounen, si folgend zwou Passagen ervirzesträichen :

  1. Bis zum Akrafttrieden vum Gesetz besteet d’Méiglechkeet vun engem Reclassement an déi nei Lafbunn A2 respektiv A1. Konditiounen heifir sinn :
  • eng Festastellung am Régime vum Salarié oder Employé communal hunn
  • Unerkennung vun deem passenden Diplom (A2 oder A1)
  1. De Reclassement aus deem aktuellen Traitement-Tableau gëtt fir d'Leit aus dem E2 direkt an de B1, fir d'Leit aus dem E3 direkt an den A2, a fir déi aus dem E3ter mat enger Zwëschenetapp iwwert den A2 an den A1 berechent. Bei dëser Prozedur gëtt keng Formatioun gekuckt.

Doduerch, dass zemools Salariéën ni hu missten eng Formatioun maachen an och net fir Formatiounen um IFEN oder INAP zougelooss goufen, gëtt folgend Sonderreegelung getraff: Jiddereen kritt 12 Deeg vun deenen üblechen 30 Deeg Formatioun geschénkt, sou dass een, fir a senger neier Lafbunn an den Niveau supérieur ze kommen, insgesamt keng 30 Deeg, mee just 18 Deeg Formatioun muss virweise kënnen.

D’FGFC begréisst, dass een sech séier op déi Punkten eenege konnt an déi aktuell engagéiert Leit aus dem Enseignement musical adequat zu hirem Diplom agestuft ginn. An Zukunft wäerten och spezifesch Formatiounscoursen, ënneranerem um IFEN, organiséiert ginn.

Mir als FGFC verheemlechen net, dass mir et nach wéi vor net gutt heeschen, dass an Zukunft kee Master-Diplom méi fir d’Chargéeën unerkannt wäert ginn. Wëssend, dass vill Diplomer am Enseignement musical mat engem Studium vu 5 Joer ophalen, bleift d’Fro erlabt wat dat um laangem Enn fir d’Qualitéit vun de Coursen an d’Valorisatioun vum Personal bedeit. Des Weideren bleift offen, ween iwwerhapt nach no senge Studien am Ausland erëm zréck op Lëtzebuerg komme wäert, wann am Ausland e Master unerkannt ass an och honoréiert gëtt. Op der Säit vun de Schüler gëtt d‘Gratuititéit agefouert mee op der Säit vum Personal schéngt d’Regierung net bereed ze sinn, fir déi néideg Qualitéit ze bezuelen.

Mir weisen och drop hin, dass och dat neit Gesetz, nach ëmmer keng Léisung bidd, fir déi Situatioun, wou d’Chargéeën iwwer verschiddene Kontrakter bei deelweis bis zu 3 Patronen agestallt sinn – dat da meeschtens och nach zu ënnerschiddleche Konditiounen a Rémunératiounen. Am selwechte Fall, wann ee bei méi wéi engem Patron agestallt ass, entstinn och nach ëmmer finanziell an organisatorësch Nodeeler – dëst zB. bei engem Congé sans traitement oder Congé parental…

Och wann elo deene KolleegInnen, déi schonns eng Festastellung hunn, eng Perpektiv opgeet an si endlech déi Unerkennung kréien, déi si verdéngt hunn, sou bleift nach e Pak am Enseignement musical op de Leescht ze huelen.