Nomination rétroactive

Circulaire 4149: Réckwierkend Nominatioun duerch Retard vun der Formatioun


Mir begréissen, dass den Inneministère, wéi an der läschter Reunioun vun der Commission centrale ausgemaach, mat hirer rezenter Circulaire Wuert gehal huet, an all deene KolleegInnen, déi duerch de Retard vun der Reform vun der Formation générale an der Formation spéciale hir Examen net mat Zäit maache konnten, eng réckwierkend Nominatioun erméiglecht.

Zousätzlech zu den Informatiounen aus der Circulaire – an no Ofsprooch mat de Responsablen aus dem Inneministère – kënne mir Iech folgend Zousazinformatioune matdeelen:

  • D’Dispositiounen iwwert d’Prolongation de stage bezéie sech prinzipiell ëmmer drop, dass een de Stage no 24 Méint verlängert kritt. Wann een also eng Reduktion de stage krut an duerno eng Verlängerung kritt, gëtt dat net als Prolongation de stage consideréiert.
  • Doduerch dass d’Nomination definitive eng Retroaktivitéit huet, leeft och den Datum fir de Promotiounesexamen vun dem Datum un. Den Effet retroactif gëllt deemno fir alles.

Desweideren huet den Inneministère iwwert d‘Circulaire N°4150 matgedeelt, dass si mam Här Pascal Wagner en neie Mataarbechter agestallt hunn, fir d’Offer vun hirer Berodung fir d’Gemengen, am Beräich vun der Personalverwaltung, auszebauen.

Fir all zousätzlech Informatiounen oder Erklärungen, biede mir Iech, de Ministère op hirer « Hotline personnel communal » (Tél.: 247-74650) unzeruffen.

Circulaire N°4149: Dérogation temporaire au régime de la nomination définitive des fonctionnaires communaux

Circulaire N°4150: carrière et rémunérations des agent-e-s du secteur communal: développement du conseil aux communes