Opgrond vun engem prozedurale Feeler waren d’Delegatiounswalen um Syndikat TICE zu Esch vum 13. op den 31. Mee reportéiert ginn an nei Stëmmziedelen hu missten verschéckt ginn. Trotz Neiwalen lung d‘Participatioun bei 68,10%.
Par Rapport zu de leschte Walen 2017, ass de Personalschlëssel op iwwer 500 Leit geklommen an et ware soumat 2 Sëtz méi ze verginn (8 effektiv Mandater an 8 Suppleanten)
Mat 3.236 géint 1.125 Stëmmen huet d’Personal kloer fir d’FGFC gewielt a mir konnten déi 2 Sëtz fir eis dobäi gewannen.
D’FGFC kritt 6 vun 8 Delegéiert a stellt soumat och de PV President fir déi nächst 5 Joer.
Den OGBL/ Landesverband kritt 2 Sëtz a verléiert 1 Sëtz zu de leschte Walen 2017. Mat engem Quotient vun 6,6722, hätt fir d’FGFC net méi vill gefeelt fir de 7. Sëtz ze kréien.
Fir d’FGFC sinn als effektiv Delegéiert gewielt:
Fir den OGBL/ Landesverband sinn als effektiv Delegéiert gewielt:
Mir soen dem Personal villmools Merci fir dat grousst Vertrauen. Den FGFC-TICE an hir Personaldelegéiert wäerte sech weiderhin mat Kompetenz an Engagement fir eis Leit asetzen.
Dir fannt all FGFC-Delegéiert op eisem Internetsite www.fgfc.lu ënnert dem Menu: “Délégations”.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.