Merci

Delegatiounswalen 2022: FGFC mat 87,60% als sektoriell representativ Gewerkschaft am Gemengesecteur confirméiert !


A 40 vun aktuell 42 Gemengen a Syndikater – wou eng Personalvertriedung virgeschriwwen ass – huet d’Personal, ënnert dem Statut vum Fonctionnaire an dem Regime vum Employé communal, d‘FGFC-Kandidate mat absolutter Majoritéit gewielt. Dat entsprécht engem Plus vu 5% zu de leschte Walen 2017.

Mat de Gemenge Conter, Mäertert, Schëtter a Weiler zum Tuer, dem Gemengesyndikat Sidest souwéi dem Office social aus der Stad Lëtzebuerg, sinn, par rapport zu 2017, sechs nei Delegatiounen ënnert FGFC-Féierung bäikomm.

Um Gemengesyndikat TICE hunn d’Walen aus prozedurale Grënn missen op den 31. Mee verluet ginn. Hei bleift also nach ofzewaarden, wéi mir als FGFC ofschneide wäerten. Eis Kolleeginnen a Kolleegen kënnen op alle Fall op eis vollsten Ënnerstëtzung zielen.

D’FGFC stellt soumat aktuell 171 vun 195 Personalvertrieder, sief dëst als Effektiv oder Suppleant. Am Numm vun all eise Kandidate soe mir Merci fir dat grousst Vertrauen.

Fir d’FGFC, sinn a bleiwen d’Personalvertrieder e wichtegt Bindeglidd, tëscht der nationaler Gewerkschaftsaarbecht an dem Personal um Terrain. Op der Gemeng oder dem Gemengesyndikat selwer, ënnerstëtze mir eis kompetent Delegéiert fir den Uleiesse vum Personal professionell nozekommen. Mir fërderen e proaktiven Dialog mam Patron, a fuerderen eng konsequent a partizipativ Abannung betreffend, ënneranerem, alles wat intern Organisatioun ugeet.

D'FGFC setzt sech zäitno dofir an, dass déi obligatoresch a fakultativ Missioune vun den Delegatiounen dem Besoin vun der haiteger Zäit ugepasst ginn. Des Weideren si mir fir eng kloer Reegelung, dass generell d‘Personaldelegatiounen déi néideg Fräistellung kréien, fir hiren Aufgaben adequat kënnen nozekommen.

Iwwert eis FGFC-Académie bidde mir all eise Personaldelegéierten Weiderbildungen un, déi souwuel hir professionell wéi och hir perséinlech Kompetenze fërdere sollen. Dës Formatiounen, déi praxisorientéiert a konkret op d’Besoine vun de Personaldelegatiounen ausgeschafft sinn, gi vun engem professionnelle Coach ofgehalen a vun der FGFC-Administratioun begleed. Déi éischt Sessioune fannen am Oktober 2022 statt. Ab nächstem Joer bidd d’FGFC-Académie dës Formatiounen da reegelméisseg un, mat jeeweils zwou Sessiounen am Fréijoer an am Hierscht.

Mir zielen op eng gutt Zesummenaarbecht am Sënn fir d’Personal an den Developpement vun eisem Gemengesecteur.

Dir fannt all eis Delegéiert op eisem Internetsite www.fgfc.lu ënnert dem Menu: “Délégations”.