fgfc_walen_2022

WIEL deng FGFC Delegéiert, GEWANN Kompetenz


Den 13. Mee 2022 sinn Delegatiounswalen fir Fonctionnairen an Employés communaux am Gemengesecteur.

En FGFC-Delegéierte wielen, heescht, en Delegéierte wielen, dee vu senger Gewerkschaft ënnerstëtzt gëtt an dee spezialiséiert ass fir de Gemengesecteur.

D’FGFC ass eng proaktiv Gewerkschaft

  • déi fir dech do ass, déi dech versteet,
  • dech ënnerstëtzt an informéiert,
  • fir datt deng Aarbecht an deng Perséinlechkeet op denger Gemeng respektéiert ginn.

Bedéngt, dass et net méi Kandidature goufen, wéi Mandater ze vergi waren, sti schonns op 30 Gemengen a Syndikater d'Personaldelegatioune fest. D'FGFC seet all sengen FGFC-Delegéierte villmools Merci fir hiert Engagement !

Op 3 Gemenge sinn nach Walen am Majorzsystem (Eenzelkandidaturen), wou d'Personal de fräie Choix ënnert FGFC-Memberen huet.

Op 4 Gemengen an engem Syndikat gëtt no Proporzsystem (Lëschten) gewielt. Entdeckt eis FGFC-Kandidaten, hir Walprogrammer an aner nëtzlech Informatiounen:

Fir en FGFC-Delegéierte stëmmen, heescht, perséinlech a berufflech Kompetenz ze gewannen.
 
Schwäerz de Krees vun der FGFC-Lëscht oder gëff all deng Stëmme fir d'FGF-Kandidaten !
All Stëmm zielt - och deng!