news_kontroller_chauffeur

Dank der FGFC : Endlech erëm Status quo an der Lafbunn vum Kontroller!


Bei der Reform 2017 sollt keen eppes verléieren - laang huet et gedauert, mee elo endlech, no bal 5 Joër wou d’Reform bei de Gemengen a Kraaft getratt ass, gëllt dat elo och fir eis Kontrolleren am kommunale Busdéngscht. Mir soen der Innenministesch Merci fir déi néideg Upassungen fir eis Agenten.

An eiser News vum 26. Mäerz 2021 kann een all Detailer vun eisen, elo a Kraaft getruedenen, FGFC-Fuerderungen am Kontext vun de Kontrolleren awer och Busschauffeuren noliesen: http://www.fgfc.lu/page/news/2/267/FRE/index.html

D’FGFC steet fir en effizienten a gutt organiséierten ëffentlechen Transport. Mir si kloer géint jeeglech Privatiséierungstendenzen, a fuerderen och weiderhin, datt déi kommunal Buschaufferen ënner dem Statut vum Fonctionnaire agestallt ginn. Allgemeng ass den Transport public de Schlëssel fir eis Verkéiersproblematik. Dofir brauche mir gutt forméiert Personal fir dës wichteg Déngschtleeschtung ze garantéieren.

Als FGFC wäerte mir op kee Fall eng Devalorisatioun vun der Lafbunn vun de Buschaufferen a Kontrolleren zouloosen. Sief dat um Niveau vun der Astellungen, Formatioun an och net am Kader vun der beviirstoender Harmonisatioun vun de Lafbunnen « C » an « D » – bei der ënneranerem och eis Agenten aus dem ëffentlechem Transport betraff sinn.

Hei de Link op Modificatioune vum Règlement grand-ducal du 25 mars 2022 modifiant le règlement grand-ducal modifié du 28 juillet 2017 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires communaux