Rezent koum d’Nouvelle, dass mir als FGFC a Saachen Zréckbezuele vu Paien-Elementer, no laangem hin an hir, schlussendlech virum Verwaltungsgeriicht Recht kritt hunn.
Et goung ëm eng leedeg Affär, déi de concernéiert Leit aus dem Gemengesecteur bekannt ass. Am Géigendeel zu allen anere Carrièrën an der Fonction publique war et fir de Buschauffer net méiglech mat 55 Joer, automatesch an den drëttleschte Grad vun der Carrière z’avancéieren. Méi nach, e kommunale Patron, hat dëst ausbezuelt a wollt d’Zomme vun eise Leit zréck.
D'FGFC huet sech zesumme mat senge betraffene Membere gewiert a schlussendlech Recht kritt.
Ënnert dem rengem Impuls vun der FGFC huet d’Inneministesch eiser Fuerderung Rechnung gedroen, dass esou eng Situatioun an Zukunft net méi virkënnt. D’FGFC huet erreecht, das all Buschauffer, dee mat 55 Joer am Grade 7 ass, an nach net Contrôleur ass, en automatesche Lounausgläich bis zum leschten Echelon am Grade 7bis kritt.
Mir informéieren, soubal de legalen Text a Kraaft getrueden ass.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.