Mask_transport

Weiderhinn keng Maskepflicht fir eis Buschaufferen !


Fir d’FGFC steet net zur Diskusioun, dass eis Buschaufferen erëm eng Mask undoe mussen. Den aktuellen Avis vum Mobilitéits- an Transportministère proposéiert, erëm Passagéier beim Chauffeur an de Bus eranzeloossen, woumat d‘Distanz vun 2 Meter fir de Chauffeur an Zukunft net méi agehale ka ginn.

Den Art. 4 vum neie COVID-Gesetz schreift ëmmer nach Folgendes vir:
(1) Le port du masque est obligatoire dans les transports publics, sauf pour le conducteur lorsqu’une distance interpersonnelle de deux mètres est respectée ou un panneau de séparation le sépare des passagers.

Et kann net sinn, dass duerch en einfachen Avis vun engem Ministère déi Sécherheetsmesuren, déi d’FGFC an der Pandémie fir de Schutz vun de Chauffeuren konnt duerchsetzen, elo duerch d’Hannerdir einfach nees opgehuewen solle ginn.

Et soll net vergiess ginn, dass eis Chauffeuren deels eng laang Zäit hannert dem Steier sëtze mussen an eng grouss Responsabilitéit fir d‘Sécherheet vun hire Passagéier droen.

Net ëmsoss ass dee Schutzperimeter an der Pandemie fir d‘Chauffeuren ageriicht giinn, fir si vun der Maskepflicht ze befreien, schliesslech hunn der vill vun hinnen duerch d’Mask mat Middegkeet an/oder Donst am Brëll ze kämpfen gehat.

Fir d’FGFC kënnt et deemno net a Fro, dass den Transport- a Mobilitéitsminister sech elo duerch esou en Avis probéiert, iwwert dat bestoend Gesetz an déi erkämpften Acquisen ewechzesetzen.

Info News: http://www.fgfc.lu/page/news/2/214/FRE/index.html

FGFC-Transport
14. Mäerz 2022