taina 1

am Februar am neie FGFC Mag'


En Interview mat der Inneministesch Taina Bofferding betreffend d'Aféiere vum "Chef d’administration" bei de Gemenge, grad esou iwwert eis gemeinsam Campagne "Deng Zukunft op der Gemeng".

Liest hei schonn e puer Extraiten:

Dir sidd viru kuerzem positiv op Corona getest ginn, obwuel Dir geimpft a gebooster waart. Wéi hutt den Isolement erlieft ?   
Ma ech hat en harmlose Verlaf, dat heescht ech hat keng Symptomer. Ech konnt souguer am Isolement weiderschaffen. Trotzdeem weess ech vu Leit, déi, obwuel geimpft, massiv Otemproblemer haten an an d’Urgence hu misse goen. Dëst weist, datt mer am Covid-Kontext weiderhi virsiichteg bleiwe mussen. Ech drängen nach weiderhin drop, datt d’Leit sech sollen impfe loossen, zemools well, wann een dann erkrankt wéi ech, dat Ganzt oft méi en harmlose Verlaf hëlt.

Schwätze mer vu politescher Responsabilitéit. Wat war är schwéierst Decisioun, déi der bis elo ze huelen hat?
Aktuell an a leschter Zäit war Covid dat zentraalt Thema, méi muss ech wuel net soen. Déi aktuell diskutéiert Impfflicht ass och keng einfach Saach. Et soll kee mengen, mir géifen eis et hei einfach maachen.
Wat mer awer direkt an d’Mémoire kënnt, wat elo reng den Intérieur betrëfft, ass, datt ech, kuerz nodeems ech an d’Amt komm sinn, den Délai fir d’Approbatioun vun de PAGe fir d’Gemengen net nach emol verlängert hunn. Dëst Gesetz ass zënter 2004 ënnerwee, a mir brauchen dës Donnéeën, fir eng Reform vun der Grondsteier kënnen unzegoen. Hei war deemools drop spekuléiert ginn, datt ech et wéi meng Virgänger géif maachen an alt erëm verlängere géif...

Viru kuerzem huet den Inneministère d’Recrutements-Campagne "Deng Zukunft op der Gemeng », lancéiert. Dëst ënnert anerem mat dem Zil d’Bild vum Gemengepersonal ze entstëbsen. Dir cibléiert hei virun allem déi Jonk.  Wéi leeft dës Campagne ?
Am Gemengesecteur ze schaffen, ass virun allem dowéinst interessant, well en immens villfälteg ass. Dëst par rapport zu den diverse Beruffsbiller, déi et hei ginn, mee och well et nach ëmmer eng nobel Aufgab ass, fir e Service public bei de Gemengen ze leeschten. Donieft ginn et nach eng ganz Rei aner positiv Elementer, déi dozou féieren, datt ee säi berufflechen Défi bei d’Gemeng siche geet.

Richteg ass awer och, datt et nach ëmmer Klischeeën a Virurteeler vis-à-vis vum Gemengepersonal ginn, déi awer, wéi sou oft, der effektiver Situatioun um Terrain net gerecht ginn...

De kompletten Interview fannt Där an eisem 'Mag.