Validatioun

Onkloerheete bei der Validatioun vun de Wielerlëschten


D’FGFC rifft déi politesch Verantwortlech d’urgence dozou op, fir rechtlech Kloerheet ze suergen an eisem Personal déi néideg Moyenen ze ginn, hir Aufgabe korrekt a gewëssenhaft auszeüben.

Aktuell ass eist Personal op de Gemengen an der Obligatioun den Awunner hir Validitéit vun hirem Walrecht ze kontrolléieren. Dëst ass noutwenneg, souwuel fir kënnen un deem bevirstoende Referendum deelzehuelen, wéi allgemeng bei Gemengewalen an nationale Walen.

D’FGFC weist mat Nodrock drop hinn, dass eis Leit dee Contrôle net conforme ausféiere kënnen, bedéngt, dass si keen Accès méi op déi néideg Informatiounen hunn, fir festzestellen ob Leit ënner Tutelle stinn respektiv ob Leit duerch eng Veruerteelung hiert Walrecht verluer hunn. Doriwwer eraus ginn et nach Onstëmmegkeete beim Contrôle vun de Begleedpersoune bei Leit mat engem Handicap.

Eist Personal befënnt sech hei tëscht Hummer an Amboss. Engersäits muss si där, hir operluechter, Aufgab nokommen, anerersäits loossen déi aktuell Prozeduren an Texter awer kee conforme Contrôle zou. Eis Agent(inn)en riskéieren deemno souwuel mat enger rechtlecher Ufechtung vun engem Referendum oder de Walen konfrontéiert ze ginn, wéi och mat méigleche rechtlechen an disziplinaresche Konsequenzen zur Verantwortung gezunn ze ginn.