An der Annexe fannt dir e gemeinsame Communiqué de Presse vum Inneministère an der Education Nationale betreffend en Accord, dee mir als FGFC, zesumme mat der ACEN, mat der Regierung fonnt hunn. All dëst geschitt a Relatioun mat enger scho längst iwwerfälleger Revalorisatioun vun de Carrièrë vun de Chargés de Cours am Enseignement musical.
Net zulescht op Drock vun de Gewerkschaften hin, war d’Regierung bereet, ouni datt de Projet de loi iwwert d’Refonte vum ganzen Enseignement musical iwwerhaapt deposéiert ass, schonns am Virfeld en Accord fir déi Leit op den Dësch ze leeën, déi elo schonns am aktive Service sinn. Trotzdeem bleift dat Ganzt am Fong näischt aneschters, wéi eng gerecht Upassung vun de Chargésgehälter un d’Reforme vun der ganzer Fonction Publique, déi zënter September 2017 am Gemengesecteur en vigeur ass.
Als FGFC si mir nach ëmmer en Attente vum konkreten Text betreffend de Gesetzesprojet iwwert d’Refonte vum ganzen Enseignement musical. No der Rentrée wäerte mir eis hei mat konkrete Positiounen zu Wuert mellen, wat den Inhalt heivunner betrëfft. Dëse Projet de loi geet nämlech vill méi an d’Déift vun der Organisatioun, an dem Erhalt vun der Qualitéit am Enseignement musical.
Affaire à suivre …. deemno.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.