FGFC_BTS

FGFC ënnerstetzt d’Pétitioun1765 betreffend d’Unerkennung vum BTS Diplom (Bac+2) an der Fonction publique


De Brevet de Technicien Supérieur (BTS) ass e Kuerzzäit-Héichschoulstudium vun 2 Joer. Et ass e berufflechen Diplom, deen op d'Besoine vun de Patroen zougeschnidden ass. Zu Lëtzebuerg ginn aktuell 30 BTS ugebueden,dëst an de Beräicher Handel, Gesondheet, Industrie, ugewant Konscht, Handwierk, Déngschtleeschtungssecteur.

Accessibel sinn d'BTS an der Éischtausbildung (nëmme ganzdags an enger Schoul) an iwwert d'validation des acquis de l'expérience (souwäit dëse Cours scho vu Schüler an der Éischtausbildung besicht an ofgeschloss gouf).

D'Validation des acquis de l'expérience (VAE) erlaabt et souguer, seng berufflech Erfarung valoriséieren ze loossen, fir iwwer dee Wee e BTS ganz oder deelweis ze kréien.

De Lëtzebuerger Schoulsystem bitt de Brevet de Technicien Supérieur (BTS) säit Joeren un, dach gëtt et an der gesamter Fonction publique nach ëmmer keng Lafbunn, déi op dësen Diplom passt. Dëst ass eng inakzeptabel Situatioun, dass de Staat en Diplom aféiert an se selwer net unerkennt.

D’FGFC ënnerstëtzt mat dëser Pétitioun net nëmmen hir betraffe Memberen, mee all déi Leit déi vun dëser Situatioun betraff sinn. Sidd solidaresch an ënnerstëtzt d’Pétitioun 1765: https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/SignerPetition?action=doPetitionSignature&id=2271