Säit September 2019 stellt d’FGFC-Sektioun vum TICE de President vun der Personalvertriedung. Mat eiser Philosophie vum konstruktivem Dialog a proaktivem, sachlechem Handelen, hunn eis FGFC-Leit extrem vill zur Verbesserung vun eisen Aarbechtskonditioune bäigedroen. No knapp 15 Méint, hu mir e Folgendes fir eis all erreecht (FGFC-TICE OPGEPASST)
Am Fall vun engem Congé parental, kann de betraffene Mataarbechter/in op sengem Roulement bleiwen. Virdrun ass dës Persoun an d ’Reserve gesat ginn, mat er Konsequenz, eréischt Freides gewuer ze ginn, wéi de Schaff-Plang vun der Woch drop wier. Elo kënnen déi Leit, déi Congé parental hunn, sech besser fir a matt hire Kanner organiséieren!
No intensiven a konstruktive Gespréicher mam Mouvement, konnte mir folgend Verbesserunge betreffend d ’Organisatioun vun eisem Fuerpersonal an hirem Privatliewen ëmsetzen:
Duerch den Asaz vun der Personalver-triedung an der Interventioun vun der FGFC am Inneministère ass et säit Januar 2020 glaskloer - Congé a Krankeschäin si Schaffzäiten, a soss näischt anescht!
Virdrun ass de Congé bzw. de Krankeschäin vun eisem Patron net als Rouphase ugesi ginn. Dëst hat zur Konsequenz, datt d‘ Chauffeuren extrem Problemer haten d’Schichten ze wiesselen, ebe well de Congé als Aarbeschtszait gesin gouf, also wéi wann een geschafft hätt.
An engem Aarbechtsgrupp ass d’Prozedur fir de Congé reforméiert ginn, dëst mat folgende Virdeeler:
De Chauffeuren ass et elo méiglech WR´en, iwwer den Dispo, op- oder ofzebauen. Eng weider Méiglechkeet fir WR´en eran ze kréien, respektiv an der Woche e weidere Roudag unzefroen.
Duerch den onermiddlechen Asaz vun der Personaldelegatioun ginn d’Date-schutz-Richtlinne respektéiert an d ’Digi-taliséierung vum IVU ass agefouert ginn. Wichteg war eis, dass elo all Chauffeur säin eegent Passwuert huet, fir sech op säi Fahrerportal anzeloggen.
All Chauffeur huet elo vun doheem aus, oder iwwer säin Handy, Zougang zu sengem Fahrer-Portal an huet soumat folgend Méiglechkeeten:
Duerch d’Reform an der Fonction publique 2017 kënnen eis «Chefs atelier» aus der Handwierker-Carrière, net méi wéi bis ewell, an d’Carrière vum «expéditionnaire technique» wiesselen. Säit der Reform muss heifir en Exame gemaat ginn. Dorops hinn, hunn eis Leit eng Demande un de Büro vum TICE gemeet, fir datt dës Mataarbechter, awer och de «Chef carrosserie» eng Prime à responsabilité particulière sollte kréien.
De Büro vum TICE ass dëser Demande nokomm, esou dass dës Posten weiderhi finanziell attraktiv bleiwen.
Et war an ass eise Personalvertrieder wichteg, dass eist Personal de Maximum geschützt gëtt. No enger Entrevue mat der Direktioun, sinn 2x Ufänken während der Pandemie, duerch duerchgehend Schichten ersat ginn.
D’Personalvertriedung huet schrëftlech beim Büro vum TICE intervenéiert a gefuerdert, dass eist administratiivt Personal, esou wäit et méiglech ass, Télétravail ka maachen - dëst nach ier d’ Regierung hir Recommandatioun heifir erausginn hat. Och an dësem Dossier, huet den TICE Gremium direkt „en faveur“ vum Personal reagéiert!
Op Demande vun der Personalvertriedung hin, huet den TICE Büro accordéiert, fir op 4 Plazen am Betrib Gedrénksspenderen, mat enger spezieller Filteranlag, fir eist Personal opzestellen. Als „Cadeau fin d´année » huet eis Delegatioun et och ëmgesat kritt, dass d’ganzt Personal um Enn vum Joer een Inox-Bidon mam TICE Logo kritt!
Ënnert der Leedung vun der FGFC konnt d’Personalvertriedung endlech de Schichtplang fir den Atelier esou ëmset-zen, wéi et am Gesetz virgesinn ass, spréch: 40 Schaffstonnen an der Woch (max 48 Stonnen),8 Stonnen den Daag (max 10 Stonnen), 11 Stonne Paus tëschend zwou Schichten a 35 Stonne Roupaus an der Woch.
ir eis Mataarbechter am Lockdown beschtméiglech ze schützen, an trotz-dem de Betrieb weider ze garantéieren, konnt fir den Atelier e Schaffplang mat 3 Equippen ausgeschafft ginn, deen alter-néiert Schaffen virgesinn huet (1 Equipe: Fréischicht, 1 Equipe: Mëttesschicht an 1 Equipe: Dispence de travail).
Et ass nach net esou laang hir, dass eis Chauffeuren hu misse während dem Fuere Masken undoen. Eis Personalver-triedung huet och an deem Fall net op sech waarde gelooss an huet iwwert d’FGFC-Gewerkschaft beim Intérieur intervenéiert, dëst mam Resultat: keng Maskepflicht méi fir d’Fuerpersonal !
D’Direktioun hat decidéiert, dass am Fall vun enger Mitfahrt d´Chauffeuren han-nen am Bus musse Plaz huelen, an net méi wéi bis ewell, virun der Ofsécherung. Och hei ass, säitens der Personaldelegatioun beim Direkter intervenéiert ginn, fir dëst réckgängeg ze maachen. Am Fall vun enger Mitfahrt besteet just d ’Obliga-tioun, dass de Chauffeur an de Mitfahrer eng Mask mussen undoen.
Den TICE Büro hat d’Decisoun getraff, dass de Busbetrieb Sonndes a Feierdeeg, am Zäitraum vum 16.03.2020 bis den 10.05.2020 agestallt gëtt – spréch et huet kee Chauffeur missten op deenen Deeg schaffen. Vill Mataarbechter hate sech awer, am Virfeld vun der Entschee-dung, schonns Congé op deenen Deeg gefrot - am Ganze schwätze mär do vun 114 Deeg Congé, déi fir eis Leit fort gewiescht wieren.
D ’Personalvertriedung huet et fäerdeg bruecht, dass déi betreffend Leit, hir Congés-Deeg integral op den CET gesat kritt hunn!
2x Ufänken op de Sonndeger souwéi op de Feierdeeg, gehéiert säit Mee 2020 der Vergaangenheet un! Eis Personalvertriedung huet hei eppes fäerdeg bruecht, wat bis Dato nach ni um TICE ëmgesat konnt ginn.
Eisen FGFC Personalvertrieder e grousse Merci, fir hire gewerkschaftlechen Asaz an hir Leidenschaft:
Am Numm vun der FGFC-TICE Sektioun, wënschen mir iech an äre Familljen, och an dëser schwéierer Zäit, schéi Feierdeeg.
De Comité vun der FGFC-TICE Sektioun
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.