marco 1

Dat nächst Fréijoer kënnt bestëmmt


Mat der Gesondheet kann et nawell schnell eriwwer sinn. Et brauch nëmmen eng Visite beim Dokter, mat enger vernichtender Diagnos, a schonns ass alles anescht. Doheem aleng am Bett, ënnert der Couette, fänkt de Kapp dann esou richteg u mat dréinen. De Kapp sicht panesch no Sécherheeten, fir géint den entstanene Chaos unzegoen. 

Lues a lues schläicht sech e Gefill vun déiwer Verletzlechkeet an een eran, e Gefill wat ee vläit e ganzt Liewe laang, ënnerlech verdrängt huet. Vun engem Moment op deen anere gi ganz vill Saachen net méi wichteg an et konzentréiert ee sech just nach op dat wat engem ab elo feelt, seng eege Gesondheet. 

Duerch dës ënnerlech Prozesser ze goen, ass sécherlech fir jidder Betraffenen eng riseg perséinlech Erausfuerderung. De Fokus vun der perséinlecher Liewens-Ausriichtung ännert sech fundamental. Wann ee sech soss vläit iwwert allméiglech Banales opgereegt huet, geet et ab elo éischter an d’Déift, mat der eegener medezinescher Problemwelt. Hautdesdaags muss ee just seng Symptomer op Google aginn a schonns huet een all Méigleches awer och all Onméigleches. Nieft deem wat den eegenen Dokter matdeelt, kann den Dokter Google da richteg krank maachen, mee loosse mer dat elo. 

Um Enn vun engem méi oder manner laange Prozess, steet da jiddereen dach schlussendlech virun der Erkenntnis: Et gëtt keng Sécherheet am Liewen an den Doud ass d’Konsequenz dorauser. 

A Bezuch op d’Joer 2020, ass et genau dës Liewens-Wouerecht déi mech perséinlech geprägt huet. Covid-19 huet mir virun Ae gefouert, mat wat fir enger Arroganz mir Mënsche mengen, d’Liewe kontrolléieren ze kënnen. Doriwwer eraus schéngt et mer, datt jidderee vun eis am Kär äusserst verletzlech ass. Dëst net fillen ze wëllen, féiert dozou, datt den Doud weiderhin e groussen Tabu an eiser Gesellschaft bleift. Villes déngt der Oflenkung fir genau dës Fatalitéit einfach ze ignoréieren.  

Mech perséinlech erfëllt dës Erkenntnis mat Demut a féiert mer virun Aen, wéi gutt d’Liewen et eigentlech mat mir perséinlech gemengt huet. Virun allem an dëser däischterer Joereszäit, mat laange Wanter-Owenter, wou och nach - Lockdown oblige - näischt lass ass, sinn ech a Kontakt mat dëse Gefiller. Ech ka mir virstellen, datt et mir net aleng esou geet. Jiddereen ass domadder aleng, mee et gëtt méi einfach, wann een driwwer schwätzt. 

An dësem Kontext an am Géigesaz zum Lockdown am Fréijoer, wou Wisen a Bëscher sonnegedränkt carrément explodéiert sinn, huet dësen düstere Wanter-Lockdown, dann dach eng vill méi erausfuerdernd Qualitéit. Mir ginn all mat eis selwer konfrontéiert, dat ass oft net einfach auszehalen.  

Mat dëser Verletzlechkeet kéint ee sech senge Léifste weisen. Vläit entsteet dann eppes ganz Neies, Aneschters, wäit ewech vu Konsum a Kommerz. Eppes wat d’Liewe liewenswäert mécht, Beziehung liewen an dankbar si fir dat wat een ass an huet. 

An dësem Sënn, alles Guddes am Neijoer fir Iech an Är Familljen. Ech wënschen Iech Kraaft fir dës Zäit ënnerlech ze droen, mat der Sécherheet am Häerz, datt dat nächst Fréijoer net wäit ewech ass. 

Marco Thomé