Studentefoire

Digital Studentefoire 2020


Als FGFC si mir säit Joren op der Studentefoire present - dës Kéier dann déi éischte Kéier an digitaler Form. Mir erkläre Beruffsperspektiven am kommunalen Déngscht a stinn de Studente mat Rot an Dot zur Säit.

Mir soen all de Studenten e grousse Merci fir hiren Interessi un enger Plaz am Gemengesecteur.

Och no der Studentefoire kann een eis gäre kontaktéieren, wann nach Froen zu Diplomer oder ausgeschriwwene Poste wieren. Eis Conseilleren sinn ënnert folgendem Kontakt z’erreechen: Méindes bis Freides vun 8:00-12:00 a vun 14:00 bis 17:00 Auer um 407720-1 - respektiv iwwer Mail: fgfc@fgfc.lu

Mir wënschen all de Studenten, och an dësen turbulenten Zäiten, vill Erfolleg an der Schoul.

Bleift informéiert an abonnéiert Iech op eiser Newsletter “jobs-news” respektiv op Facebook “ Envie d’avoir un job dans la fonction communale