FGFC_STUDENTEFOIRE

Studentefoire goes digital - 2020


Dëst Joer ass d’Studentefoire déi éischte Kéier an enger digitaler Form a si mécht hir virtuell Diiren vum Donneschden 12. bis de Freideg 13. November 2020 op. 

Dir fannt eise virtuelle Stand: « FGFC - Ton futur job à la commune » ënnert folgendem Internetlink:
https://www.studentefoire-goes-digital.lu/fr/stand/visiting/711

D'Ëffnungszäite si vu moies 09:00 Auer bis mëttes 17:00 Auer. Dir kënnt Iech och e perséinleche Rendez-vous androen, fir Iech vun eiser kompetenter Equipe iwwer folgend Themen z’informéieren:

  • Wat fir eng Diplomer brauch ee fir wat fir e Posten ?
  • Wat fir eng Exame muss ee maachen, a wou kritt een d’Dokumentatioun ?
  • Wéi verleeft engem seng Lafbunn?
  • Wat fir eng Aufgaben huet een op enger Gemeng/ Syndikat ?
  • Wat fir eng berufflech Perspektiven huet een ?
  • Wéi ass et mat Weiderbildung a menger Carrière ?
  • Wéi fonctionnéiert den ëffentlechen Déngscht am allgemengen ?

Mir weisen och nach ee Mol op eis Internet-Rubrik « Jobs » an eis Facebooksäit « Envie d'un job dans la fonction communale » hin, déi méi wéi 12.000 Abonnenten huet. Informéiert Iech bei eis iwwer all fräie Posten am Gemengesecteur!

Kommt an chat mat eis – mir sinn op Ecoute !