TELETRAVAIL-FGFC

Circulaire 3910: Télétravail - Konventioun fir de Gemengesecteur


Säit 2006 besteet iwwert eisen Statut d’Méiglechkeet, den Télétravail an d’Organisation de service bei de Gemengen anzebannen. Trotz widderhuelte Fuerderunge vun der FGFC gëtt ët bedauerlecherweis nach ëmmer kee Règlement grand-ducal, deen d'Kaderbestëmmunge fir den Télétravail bei de Gemenge festleet. Covid-19 mëcht hei elo Neel mat Käpp. An der rezenter Sitzung vun der Commission centrale hu mir als FGFC mat Nodrock drop verwisen, datt mer aktuell eng Urgence an der Saach hunn, dëst fir ze vermeiden, dass all eenzel Gemeng sech hir eegen Dispositiounen gëtt.

Well d’Regierung och den Teletravail aktuell promouvéiert, koum de Viirschlag vun der Ministesch Bofferding an Tëschenzäit e Modell vun enger Konventioun auszeschaffen, deen op deem berout, wat aktuell fir den Télétravail beim Staat applizéiert gëtt.

D’FGFC begréisst, dass dësen Virschlag sou séier vum Inneministère am Circulaire 3910 ëmgesat ginn ass.

Fir all Froen betreffend d’Applikatioun vun der Circulaire 3910, kënnt Dir Iech un de Service du personnel communal vum Inneministère wennen. Mail : personnel@mi.etat.lu - Telefon : +352 247-74650