news sortie magazine

Ären neie FGFC 'Mag ab haut an ärer Bréifkëscht!


Kommunikatiouns-Schësser

Ech weess net wéi et Iech geet, mee all Kéiers wann ech meng Mask undinn, froen ech mech ënnerlech, ob dat iwwerhaapt nach Sënn mécht. Ech fille mech net genuch informéiert, an erdroen dat Ganzt mat enger no bausse gespillter Geloossenheet.

An eiser digitaliséierter Welt kënnen engem schonns d‘Dronkenellen ausgoen, wann zu deemselwechten Thema vill verschidden, a meescht kontradiktoresch, Meenungen zirkuléieren. All Dag jot en anere seng Sau duerch d‘Duerf, begleet vu polemescher Theatralik vun deenen, déi sech, firwat och ëmmer, getraff fillen. Alles gëtt polariséiert, an direkt gëtt et eng op den Deckel, wann een net op Mainstream-Ligne läit. Argumentéieren a sech op Fakte baséieren, schéngt definitiv out. Vill Leit sëtzen an der Angscht, dat ass net gutt, och net fir eis Demokratie.

Hautdesdaags evoluéiere mer scheinbar ëmmer méi an der digitaler Boule. Esou komme mir dann och meescht perséinlech zum Schluss, datt mir eleng, mat e puer anerer, richteg leien. Déi sozial Medie suggeréiere jidderengem eng Wichtegkeet, déi ee per se iwwerhaapt net huet. Jidderee gëtt säi Pefferkär bäi, an der grousser Masse ass deen eenzele komplett egal. Vum Contenu vun deem wat meeschtens kommunizéiert gëtt, schwätze mer léiwer net.

Mir schéngt, mir hunn all de Kommunikatiouns-Schësser, deen et äusserst schwiereg mécht sech an dëser souwisou komplexer Welt zurecht ze fannen. Konsequenz vun dësem Schësser ass dann, datt sech zu Berlin en abstruust Konglomerat vun Aluhutträger, iwwer Leit déi wierklech eppes zum Gudde verännere wëllen, bis hin zu „No-Go Nazien“ an enger an därselwechter Demonstratioun zesumme fannen.

Alles gëtt ewéi gesot an eng Pan geklaakt. Inhaltlech gëtt sech net méi ausernee gesat. Och zu de Covid-Mesurë gëtt et keen Debat public. Keng adaptéiert Ausriichtung, wat nach Sënn mécht a wat net. Déi eng dierfen nëmmen zu e puer Hochzäit feieren, déi aner stinn zu Honnerten um Fussballsterrain. Déi eng sëtzen am Fliger direkt nieft engem anere Passagéier, mee am Theater muss sech sozial distanzéiert ginn.

Nach méi schlëmm: Eis Regierung geet matten am Summer hinn a verlängert d’Covid-Mesuren aus dem Gesetz vum 17. Juli iwwer Enn September eraus, einfach bis Enn Dezember. Fir mech fillt dat sech esou u wéi: „Soulaang si se roueg!“ Wéi kann ee Mëtt August wëssen, datt „Noustandmesurë“ musse bis Enn des Joers verlängert ginn?

Iwwert de Pourcentage vun den Hospitalisatiounen an datt den ëffentleche Fokus nëmmen op den neie Covid-Fäll läit, schwätzen ech hei guer net. 

Mir feelt hei déiselwecht politesch Subtilitéit, wéi ech se bei der mordicus CETA Ratifikatioun an der Chamber matten am „Lockdown“ vermësst hunn. Weider feelt mer zum Beispill en Debat wat d’Droe vun der Mask bei de Kanner fir déif psychologesch a sozial Konsequenzen huet.

Ofschléissend ginn ech d’Gefill net lass, wéi wa mer aktuell oft géifen de Geck mat eis selwer maachen. Domadder sinn ech net eleng, dat weess ech. Vill Leit fillen sech entwuerzelt, net méi doheem an dëser Welt. D’Sproochlosegkeet ass iwwerall. 

Marco Thomé