bild

Gemengereform: FGFC fuerdert kohärent Personalentwécklung fir all Gemengen.


D’Campagne vum Inneministère „Mateneen fir eng modern Gemeng“ am Kontext vun der geplangter Reform vum Gemengesetz, leeft elo schonns eng Zäit. Virun der Vakanz sinn, Covid-19 oblige, déi éischt Conclusioune vun der 1.Phase online op de Punkt bruecht ginn.   

Zefriddenheet vu Lokalpolitiker a Populatioun op Top-Niveau

Den online Résumé vun der éischter Phase stoung, wéi bal alles an dëser Zäit, ënnert dem Androck vun der Bewältegung vum Lockdown am Fréijoër.

Eis Lokalpolitiker wore voller Luef iwwert hiert Personal bei de Gemengen. Gläich e puer Mol hu si ënnerstrach, wéivill kreativt Engagement mir während der Kriis un den Dag geluecht hunn. Weider stelle mer fest, dat net nëmmen eis politesch Patrone zefridde matt eis sinn, nee och de Bierger weist bei engem Sondage héich Zefriddenheetswerter a Relatioun matt eise Gemengeservicer (Grafiken). Wat nach ausbaufäheg ass, kënnt der dann awer och gesinn.

Trotzdem, mir sollten eis also näischt virmaachen, wa mer iwwert « mondern Gemenge » schwätzen. Bis dohinner ass et nach e laange Wee, a prinzipiell Erausfuederunge mussen an den nächste Méint politesch thematiséiert ginn.

Gemengereform : éischt Konklusiounen

Folgend Punkte sinn als Konvergenz-Punkte festgehale ginn. Hei gëtt et noweisbar e breede Konsens, datt hei eppes muss geschéien. Ergo kéinten d’Aarbechten heirunner, esou séier wéi méiglech ugoën:

  • Qualifikatioun vum Gemengepersonal
  • Gemengegestioun -  Mise en place vun engem CGPO communal (Centre de Gestion du Personnel et de l'Organisation du secteur communal)
  • Revalorisatioun vu verschidde Carrièren, p.ex. Directeur administratif
  • Responsabiliséierung a kommunale Management vun den Dossieren
  • Formatioun vum Gemengepersonal – école des fonctionnaires communaux
  • ·Partage vun de Kompetenzen/Expertisen zwëschen de Gemengen- Syndikater

Eis wonnert et net, datt dës Punkten als éischt op der Lee stinn. Säit Joeren fuerdere mir an dëse Beräicher Neierungen. Elo schéngt d’Zäit endlech räif ze sinn, fir Neel matt Käpp ze maachen.

Autonomie communale

Och fir d‘FGFC ass d’Gemengenautonomie, d‘Fundament vun eiser demokratescher Gemengelandschaft. Wa mir Weiderentwécklung bei de Gemengen denken, hu mer awer oft den séier den Hick matt dëser Autonomie. Aus Erfahrung wësse mir, datt eng konvergent a systematesch Entwécklung vun de Gemengen, ebe grad un dëser helleger Kou vun eisem Secteur scheitert. Doriwwer eraus gëtt d’Notioun vun der Gemengeautonomie och meeschtens vun deenen évoquéiert, déi sech an engem konkrete Kontext e Viirdeel verspriechen- wann d’Autonomie grad kee Vierdeel versprécht, gëtt se och gären ignoréiert.

Betreffend d’Themegebidder wou Konsens am Sekteur besteet, ass prinzipiell festzestellen, datt et dës Erausfuerderungen net alleng bei de Gemengen, mee och schonns länger beim Staat ginn, fir an eisem Kontext vun der Fonction Publique se bleiwen.

De Staat gëtt séch matt engem neien CGPO ëmmer méi modern Mëttele, fir lues a lues den interne Fonctionnement, virun all a Punkto vun Ressources Humaines a Pojekt-Management, nei ze entwéckelen. Nieft der Integratioun vun der Digitalisatioun, déi souwisou kënnt, muss de Patron Staat an awer och d‘Gemeng attraktiv a Punkto Aarbechtskonditiounen a Perséinlechkeets-Entwécklung bleiwen.

Kohärent Entwécklung beim Staat

Dat huet d’Fonction Publique beim Staat, zënter e puer Joer erkannt. Matt der Créatioun vum CGPO, geet de Staat intern nei Weeër, fir d’Formatioun an d’Gestioun vum ganze Staatsapparat un d’Erausfuerderunge vun der Zukunft unzepassen.

De Staat geet also kohärent vir. Dat Ganzt brauch Zäit. Fir datt Kompetenzprofiller matt interne Prozeduren gräifen, muss een z.B. seng Leit matthuelen, si iwwerzeegen….dat ass de Match.

Entwécklung bei de Gemengen elo !

Wann de Staat op Gronn vun senger Struktur à même ass, sech lues a lues weiderzentwéckelen, esou stellt sech eng kohärent verwaltungsintern Entwécklung vun de Gemengen, net zulescht op Gronn vun der Autonomie communale, als eng grouss Erausfuerderung duer.

De Staat ass een eenzege Patron an huet de Pouvoir décisionnaire iwwert de ganze Staatsapparat. Mir bei de Gemengen sinn zu 102 Entitéiten, plus eng sëllechen Syndikater, dovunner a puer ganz grousser, gespeist matt héiche Somme vun ëffentleche Gelder. Doriwwer eraus ass eise Sekteur äusserst heterogen, wëll heeschen, vum gréisste kommunale Patron der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Saeul, leie Welten.

Ee vun de Käerpunkten beim Personal bei de Gemengen, ass d’Assimiliatioun un de Staatsekteur. Déi dierf op kee Fall verluer goen. Dat heescht, datt déi nei Formatiouns- a Kompetenzmodeller déi et elo schonns beim Staat gëtt, och bei de Gemengen musse kommen.

De CGPO beim Staat ass an de leschte Joëren ëmmer méi matt Fachpersonal opgestockt gin. Dëst fir intern eng nei Aarbechts- a Valorisatiounskultur op d’Been ze bréngen. All dës Kompetenzen, kënne selbstverständlech och an de Gemengesekteur intégréiert ginn. Dobäi kommen nach d’Spézifizitéite vum Gemengesekteur.

D’Fro ass just, wien mescht dat fir de Gemengesekteur ? De SYVICOL, wuel kaum, deen ass a bleift net dofir do. Bleift just eise Ministère de tutelle, den Intérieur. Hei muss onbedéngt e CGPO-communal an d’Liewe geruff ginn, deen enk mam CGPO vum Staat zesummeschafft. Innerhalb dësem Gemengen-CGPO kéinten sech d’Gemengen dann z.B. spezifesch Déngschtleeschtungen, wéi Coaching, Réorganisation interne, Personalentwécklung a villes méi, akaafen. Déi kohärent Expertise vun enger moderner Fonction Publique giff esou vum Staat op déi spezifesch Gemeng transféréiert ginn, ouni datt d’Gemeng selwer sech dës Expertise muss zouleeën. Déi allermeescht hu souwiesou wéineg finanziell Mëttelen dofir.

Madame Ministesch, dir hutt selwe festgestallt, wat usteet : Loosst eis esou schnell wéi méiglech konkret ginn an domadder ufänken.

FGFC - Bureau exécutif élargi

! Maach beim anonymen Sondage matt – mir zielen op deng Meenung !