masken_mus

Erliichterung fir all Buschaufferen !


Den Etat de crise ass eriwwer an déi zwee Covid19 Gesetzer A524 a A525 sinn ab haut a Kraaft getrueden.

Wéi an eiser News vum 8. Juni 2020 gefuerdert, ass den Amendement vun der Commission de la Santé et des Sports, betreffend d’Ophiewung vun der Maskenpflicht ënner gewësse Konditiounen, zréckbehale ginn.

Am Kloertext heescht datt, eis Kolleeginnen a Kolleege Buschaufferen de Mask NET méi undoe mussen, wuel wëssend, dass si méi wéi 2 Meter vum éischte Passagéier ewech setzen a keen direkte Kontakt mam dësem hunn oder duerch e Panneau vunenee getrennt sinn.

Als FGFC begréissen mir et, datt dëst elo geännert gouf, zum Wuel vun alle Beruffschaufferen, déi d’Responsabilitéit fir d’Sécherheet vun all Passagéier droen.