FGFC_ASAM

Eis feelen net nëmme Polizisten mee och eng konsequent Inneministesch!


Ufanks der Woch ass an der Chamber iwwert d‘Reform vun der Police debattéiert ginn. An dësem Kontext ass och kuerz op de Projet de loi 7126 verwise ginn, dee vereinfacht Prozedure fir d’Police bei sougenannten Incivilitéite soll erméiglechen, an doriwwer eraus dem Agent Municipal méi Befugnisser soll ginn, fir d’Police bei dëser Missioun ze entlaaschten. Dëst funktionéiert iwweregens beim rouende Verkéier ganz gutt.

Leider huet eis Inneministesch Taina Bofferding, anescht wéi hire Virgänger, bis dato kee Interessi gewisen fir dësen Dossier, an deem schonn eng gutt Viraarbecht geleescht ginn ass, zum Ofschloss, oder iwwerhaapt weiderzebréngen.

Mir hu Verständnis dofir, datt an de leschte Wochen d’Aktualitéit vun der Pandémie dominéiert ginn ass. Der Ministesch hier Inaktivitéit an dësem Projet iwwert déi gesamt Durée vun hirem Mandat ass allerdéngs frappéierend.

D’Majoriteit vun den Gemengen déi Agents Municipaux beschäftegen hunn elo schonn hiren Beamten méi Kompetenzen ginn, andeems se dës och als Bannhidder (garde-champêtre) vereedegt hunn. Dëst ass keng perfekt Léisung mee weist awer, datt dës Agenten duerchaus mat dëser Verantwortung kennen ëmgoen. Fir dës Beamten giff de Projet de loi 7126, ewéi och fir d’Police, eng wesentlech Vereinfachung vun de Prozeduren duerstellen.

Iwweregens, Problemer wéi d’ “Mendicité organisée” kënnen d’Gemengen elo schonn iwwert hiert Polizeireglement an Ugrëff huelen, an domat der Police hir Aufgab erliichteren. Fir eis ass et traureg feststellen ze mussen, datt verschidden Députés-maires bei all Geleeënheet “autonomie communale” jäitzen, awer dann an der Chamber national Léisunge fir Problemer fuerderen, fir déi se op hirer Gemeng all Moyen hätten duerch konkret kommunal Reglementer Léisungen ze fannen. Si kennen elo schonn Agenten anzestellen, déi d’Anhale vun dësen Dispositioune kontrolléieren.

An deene leschte Joeren huet d’ASAM sech fir d’Formatioun vun den Agents Municipaux staark gemaach an zesumme mam INAP grouss Fortschrëtter gemaach. Och an Zukunft setze mir eis dofir an, datt déi Offer ausgebaut gëtt, a schaffen aktiv dorun datt praxis-orientéiert Couren ugebuede kënne ginn.

Mir verlaangen, datt dësen Dossier, deen an där enger oder aner Form schonn iwwer 20 Joer um Bockel huet, vun eiser Inneministesch endlech mat deem néidege Sérieux ugepak gëtt, esou wei et am aktuelle Koalitiounsaccord steet.

De Comité vun der FGFC-ASAM
Lëtzebuerg, den 22. Mee 2020