COVID19_TEST

COVID19: PCR-Tester fir d’gesamt Gemengepersonal


No der Ukënnegung vun der Regierung, dass eng vun de Moossnamen bei der bevirstoender Erweiderung vum Dé-Confinement ass, sech fräiwëlleg op Covid 19 (PCR) testen ze loossen, ass d’FGFC der Meenung, dass d’Gemengepersonal dës Méiglechkeet och schnellstméiglechst kréie soll.

Bei ronn 17.000 Leit am Gemengesecteur géifen dës Tester net nëmmen zur nationaler Studie bäidroen, si wiere virun allem der Sécherheet an der Organisatioun op en Administratiounen dénglech.

Et ass kloer, dass d’Prioritéit am Moment bei de Studenten an hiren Enseignanten läit. Wëssend allerdings, dass d’Sozialstrukturen, wéi zB d’Maison Relais’en hir Dieren ab dem 25. Mee nees opmaache sollen, a vill Personal och elo schonns am direkte Kontakt mam Public ass, wier et eng méi wéi sënnvoll Initiative, dat gesamt Gemengepersonal direct no den Enseignanten an de Studenten och prioritär fir dës Tester zouzeloossen.

Mir zielen hei op d’Verantwortungsbewosstsinn vun eisem Patronat an der fräiwëlleger Bedeelegung vum Personal mat op dëse Wee ze goen fir komplementar zu de Sanitär-Recommandatiounen, beschtméiglechst duerch dës Kris ze kommen.

Och wann aktuell nach keng Blutttester (Sérologie IgA + IgG) disponibel sinn, déi eng eventuell Immunitéit testen, recommandéiere mir, dem Gemengepersonal déi zum gegebenen Zäitpunkt och zur Verfügung ze stellen.