Déi aktuell Situatioun ass eenzegaarteg a kann en déiwen Impakt op Deng perséinlech Bezéiungen hunn.
Du kanns hëlleflos konfrontéiert si mat onverständleche Comportementer vun: Partner, Kanner, Kolleeginnen, Kolleegen, Clienten, Autoritéite an net zulescht vun Dir selwer!
Dobäi kënnt villäicht nach datt’s de neierdéngs, op eng fir dech komplett nei Method an op Distanz schaffe muss. All dat setzt dech virun d ‘Erausfuerderung dech nei z’organiséieren an dech anescht ze motivéieren.
Méi ewéi jee, musse mer zesumme kreativ a reaktiv op dës Erausfuerderunge reagéieren.
Genau heibäi wëlle mir als FGFC eise Memberen hëllefen. Dofir bidde mir all Member eng éischt gratis Seance bei engem Expert a Saache Verännerungs-Management grad esou wéi dem professionellem a privatem Accompagnement un.
Wëll et ass hiren Job nei Approchen ze fannen, déi Dir schnell an effikass Erliichterung bréngen.
Eis Beroder stinn Der iwwert folgend Medien zur Dispositioun: Telefon, Skype, Messenger, FaceTime oder WhatsApp.
Kontaktéier eis wegl ënnert der Telefonsnummer +352 40 77 20 30. Mir ginn eisen Experten deng Coordonnéeë weider an du gëss vun hinne kontaktéiert. Alles anescht kläers Du wegl mat hinnen an aller Diskretioun.
FGFC-ASAM: Agents municipaux
Bei eisen Agents municipaux bewegt sech a leschter Zäit vill: vun de geplangte Kompetenzerweiderungen, iwwer eenheetlech Uniformen, bis hin zu enger adequater Aus- a Weiderbildung...
Dossier "SIGI"
Seit vielen Jahren prangern wir als FGFC sowohl die politischen wie auch die geschäftsführenden Zustände innerhalb des kommunalen Syndikates SIGI an.
FGFC Vision politique
D’FGFC steet fir kommunal Identitéit, Proaktivitéit a Participatioun. D'Membere vum FGFC-Bureau exécutif élargi stellen hir Vision politique vir.
Reformen im öffentlichen Dienst
Viele Kolleginnen und Kollegen im kommunalen Dienst fragen sich insgeheim und zu Recht, wie es denn nun um die Reformen innerhalb der Gemeinden steht...
FGFC- Campagne "Wéi geet et ?"
Le but de cette campagne est de sensibiliser les personnes travaillant au sein de la Fonction publique communale sur les risques psychosociaux et leurs conséquences sur la santé des agents.