travail_congé

Info: Temps de travail & Congé de récréation


Mir hu vill engagéiert a motivéiert Personal am Gemengesecteur, déi all Dag hiert Bescht ginn fir d‘Gemengeservicer ze garantéieren. Leit déi elo mengen vun dëser Krisesituatioun ze profitéieren, fannen eisersäits keng Ënnerstëtzung an handelen onsolidaresch an irresponsabel hiren Aarbechtskolleegen géintiwwer.

Vill Patronen iwwerhuelen am Moment en exemplaresche Leadership an ënnerstëtzen hiert Personal, sief dat um professionellen oder perséinleche Plang. Leider ginn et awer och Patronen, déi anscheinend nach net am Krisemodus ukomm sinn an zweiwelhaft Decisiounen, zemools a Richtung Personal huelen. Mir kommen op si zréck, wa mir dës Kris iwwerstanen hunn...

Fakten zum Congé de récréation / Dispense de service

  1. Congé deen am Moment ugefrot ass an accordéiert ginn ass, ka just mam Accord vum Patron annuléiert ginn.
  2. D’Personal, onofhängeg vum Statut, kann net forcéiert ginn, Congé ze huelen
  3. De Patron huet d’Méiglechkeet säi Personal an eng Dispense de service ze setzen, woubäi d‘Gehalt zu 100% weider ausbezuelt gëtt

Generell sollt am Moment den Accent op der Gesondheet vum Personal an dem garantéierte Fonctionnement vun der Administratioun leien.

Vu dass aktuell am Secteur esou munch Tendenzen ze bemierke sinn, dass d’Leit forcéiert ginn, hiren accordéierte Congé ze huelen, vertriede mir als FGFC folgend Standpunkten:

  • eis motivéiert an engagéiert Leit sollte maximal am Aarbechtsprozess agebonne bleiwen,
  • et mécht kee Sënn d’Leit an hir 4 Wänn ze schécken, wou si « näischt » maache kënnen,
  • déi Leit feelen dann, wéi et bei ville Gemengen de Fall ass, am Roulement oder am Télétravail,
  • d’Aarbecht muss dann op manner Leit geschëllert ginn

D‘Personal soll deemno d’Méiglechkeet kréien hire geplangten Congé, partiell oder ganz z’annuléieren. Déi annuléiert Congésdeeg kéint een – opmannst als Iwwergangsléisung - op den CET setzen.

Mir wëssen am Moment net wéi laang dës Krisesituatioun nach dauere wäert. Mir kommen awer mat grousser Warscheinlechkeet an d’Situatioun, dass déi wéinegst mol net op déi 25 Deeg Congé kommen, déi se laut CET pro Joer missten huelen. Mir brauchen also no der Krise, ënneranerem an dësem Sujet, eng generell Léisung, wéi mir mam Reschtcongé ëmginn.

A Krisenzäiten dierf dat Thema awer elo net eis gréisste Suerg sinn. Mir sollten alles dru setzen, zesummen eis Déngschtleeschtungen ze garantéieren, dat mat gesondem Mënscheverstand a mat motivéiertem Personal.