Service_réduit

CORONAVIRUS : FGFC am Service réduit


Léif Memberen,

Bedéngt duerch d'Recommandatioune vun eiser Regierung fir d'Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen, sinn eis Conseillerë vun der FGFC just nach iwwer Email oder iwwer Handy z’erreechen.

Email:                   fgfc@fgfc.lu
Claude Reuter:   621 258 763
Dirk Kirschten:   621 282 875

All Generalversammlungen oder Evenementer vun der FGFC an hiren Associatioune si bis op Weideres ofgesot.

Mir maachen den Opruff Iech verantwortungsvoll un d'Consignë vun der Regierung ze halen, fir zesummen dës Kris ze bewältegen.

Mir wënschen Iech an Äre Familljememberen eng gutt Gesondheet a passt op Iech op.