examen_admin

Gültegkeet «alen» Admissibilitéitsexamen: Divergenzen zwëschen Intérieur an FGFC


Säit dem 1. Februar 2020 ginn et nei Prozedure fir Admissibilitéitsexamen am Gemengesecteur. 

D’Admissibilitéitsexamen, déi virun dëser Neierung gepackt gi sinn, sollen nach 5 Joer gutt sinn. Fir eis als FGFC war kloer, dass dat an der Praxis heesche géif, dass déi Gültegkeet bei Akraafttriede vun deenen neie Bestëmmung, bis den 1. Februar 2025 Bestand hätt. 

De Ministère de l’Intérieur huet a sengem Guide iwwert Astellungsreform, seng eegen Interpretatioun vun der Gültegkeet. Spréch, fir si sinn déi al Examen nach maximal 5 Joer ab dem Ausstellungsdatum gutt 

Ënneranerem sinn d’Admissibilitéitsexame geännert ginn, well de Secteur scheinbar keng Leit méi fënnt, déi deen Exame packen. Soumat ass fir eis kloer, dass all déi Leit, déi deen alen Exame gepackt hunn, hir Kompetenze bewisen hunn an e Recht drop hunn, sech ab dem 1 Februar 2020, nach 5 Joer laang op vakant Posten ze mellen 

Mir als FGFC kënnen net averstane sinn, dass d’Leit, no enger kuerzfristeger Ëmsetzung vun dëser Reform, och nach réckwierkend, ëm hir Leeschtung an hirem gepacktenen Examen, bedru ginn. Mir bieden d’Madamm Innenministesch, hir Interpretatioun vun der Gültegkeet, direkt réckgängeg ze maachen.