REFORM2020

Reform vum Stage 2020


Ab dem 1. Januar 2020 ass offiziell d’80-80-90 Reegelung ofgeschaaft an de Stage vun 3 op 2 Joer erofgaangen.

D'Reform a graffen Zisch:

Stage

  • fir den Employé communal geet d’Période d’initiation vun 3 op 2 Joer erof.
  • fir de de Fonctionnaire wäert, noom beviirstoende Vote vum neie Statut an der Chamber, och de Service provisoire vun 3 op 2 Joer erofgoen
    Eng Réductioun vu maximal 12 Méint ass dann och a béide Fäll méiglech
  • de Fonctionnaire mécht an daer Zäitspan seng Formation générale, säin definitiven Examen an seng Formation spéciale
  • den Employé communal mécht an deenen zwee Joer seng Formation de début de carrière

Ufanksgehalt

D'Gehalt gëtt op 100% gehoff, spréch:

  • de Fonctionnaire fänkt un am 4ten Echelon vum éischte Grad vu sengem jeeweilege Groupe de traitement
  • den Employé communal fänkt un am éischte Joer am 3ten Echelon a kënnt am zweete Joer an de 4ten Echelon vum éischte Grad vu sengem jeeweilege Groupe d’indemnité

Rétroaktivitéit

Fir all déi Leit, déi no dem 1. September 2017 agestallt gi sinn, gëtt d'Differenz vun deene fréieren 80-80-90 op 100%, rétroactif op den 1. Januar 2019, zréckgerechent an ausbezuelt.

Bedéngt, dass e Pak Detailfroen ze kläre sinn, huet de Ministère de l’Intérieur eis zougeséchert, dass kuerzfristeg eng Circulaire ministérielle ausgeschafft wier, mat Detailer a Beispiller zur Reform an dem Recalcul vun de Paien.

Eisersäits schaffe mir mat Héichdrock drun, all publizéiert Informatiounen op eisem Internetsite an der Rubrik “Je suis… » & « Je recherche des infos sur… »  à jour ze setzen. Mir wäerten zäitgläich praxisorientéiert Informatiounen via Newsletter publizéieren.

Bleif informéiert an abonnéier eis Newsletter 

Info : Mémorial A n° 902 de 2019