Agents de transport

Ongerechtheeten an der Carrière vun den Agents de transport


Mir FGFC, als sektoriell representativ Gewerkschaft vum Gemengepersonal, hunn an der Réunion vun der Commission centrale vum 15. Oktober 2019 d’Poblematik thematiséiert, dass et aktuell an der Carrière vum Agent de transport gewëssen Ongerechtegkeeten ginn.

Sou ass de Buschauffeur, dee keng Méiglechkeet huet fir de Kontrollersexamen ze maachen, am Laf vu sénger Carrière begrenzt a gëtt domat vun enger wichteger Bestëmmung vum Traitementsreglement ausgeklammert. Déi Concernéiert kënnen nämlech net – wéi all déi aner Carrièren beim Stat a bei de Gemengen vun engem automateschen Lounausgläich profitéieren, sollten si mat 55 Joer nach net um Enn vun hirer Carrière ukomm sin.

Hei gouf et an der Commission centrale erfreelecherweis e Konsens tëschent dem Ministère, dem Patronat an de Gewerkschaften, fir dës Ongerechtegkeet sou séier wéi méiglech aus der Welt ze schafen.

Mir waerten an dësem Dossier zäitnoh dem Inneministère eng Propose mat konkrete Léisungsvirschléi zoukomme loossen.